Search

You may also like

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches
International Neiegkeeten

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

„Wat eng Welt, woaw!“ Den Donald Trump betrëtt d‘Zeen, installéiert

Zypern… déi gedeelten Insel
International Neiegkeeten

Zypern… déi gedeelten Insel

Nodeems den tierkeschen Nationalist Ersin Tatar d‘Walen an Nordzypern fir

Katalounien: Kann de Quim Torra sech mat Madrid verstännegen?
International Neiegkeeten

Katalounien: Kann de Quim Torra sech mat Madrid verstännegen?

De katalanesche Regionalpresident Quim Torra, deen engersäits fir d‘Onofhängegkeet vun

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof

Zwee Joer nom Mord um saudesche Regimmkritiker Jamal Khashoggi sinn déi fënnef d‘lescht Joer zum Dout verurteelt Haaptugekloten elo vun engem Geriicht an der Revisioun, zu 20 Joer Prisong verurteelt ginn. Dréi weider Matspiller sinn zu Strofen tëscht dräi a siwe Joer verurteelt ginn. Dat heescht dann elo och, datt d‘Verfaren endgülteg ofgeschloss ass.

Et ass allerdéngs elo net esou, datt d‘Geriichter am saudesche Kinnekräich sech géint d‘Doudesstrof géifen ausschwätzen, dat ass éischter eppes un deem an dem den Traditiounen an der Relioun verflichte Land festgehale gëtt. Et ass – zumindest dem offizielle Wuertlaut no – och net dem Fait geschëlt, datt d‘Täter op Uerder vum Krounprënz Mohammed ben Salmane sollen agéiert hunn.

Khashoggi

Nee a Saudiarabien, wou islamescht Recht no kinneklechem Wonsch entspriechend interpretéiert muss ginn, ass ee mat deenen déi dem Land en Déngscht geleescht hunn, nosiichteg. D‘Famill vum Jamal Khashoggi soll zudeem de Mäerder hir Dot verginn hunn, an esou konnt sech op islamescht Recht beruff ginn, fir d‘Doudesstrofen an Haftstrofen ëmzewandelen. Gott ass ee grousse Mann…

Verkéiert Welt

Déi ofschléissend Urteeler stoussen op Kritik an dat och nach vun der UN-Sonnerberichterstatterin Agnès Callamard, déi vun enger Parodie schwätzt. Si wier wuel frou doriwwer, datt d‘Doudesstrof net géif ugewannt ginn, mee si entzitt den Urteeler all Legitimitéit. De Prozess wier weder fair nach transparent gewiescht an déi eigentlech Verantwortlech géifen nach ëmmer fräi ronderëmlafen.

Khashoggi

Gutt, datt ass eng Siicht déi streng geholl stëmmt, mee hat sech d‘Agnès Callamard elo eeschthaft virgestallt, datt een de Krounprënz Mohammed ben Salmane als Optraggeber géif viru Geriicht stellen? An et ass och bestëmmt net d‘Kritik vun enger „Fra“ déi dat saudescht Kinnekshaus wäert erzidderen doen. An natierlech war et en taktesch Manöver vun der saudescher Justiz, esou wéi dat vum Virsëtzende vun der Mënscherechtskommissioun am Bundestag, vehement beklot gëtt.

Et ass jo scho bal esou eppes wéi ee Wonner, datt se a Saudiarabien unerkannt hunn, datt et sech am Fall vum Jamal Khashoggi kéint ëm ee Mord handelen. Gutt et gëllt als erwisen, datt de gudde Mann den 2. Oktober an der Ambassade vu Saudiarabien zu Istanbul mat engem Spezialkommando Kontakt hat an zanterhier „verschwonnen“ ass, mee hei direkt vum schlëmmsten auszegoen…

Dausend an eng Nuecht

Gutt ganz esou fräiwëlleg huet dat saudescht Kinnekräich net agestanen, datt et duerchaus méiglech kéint sinn, datt deen an d‘USA ausgewanderte Regimekritiker kéint zu Dout komm sinn an et sech dobäi méiglecherweis ëm eng Strofdot handele kéint. Eigentlech wier et wuel éischter esou, datt d‘Affer an d‘Beamte vum MBS eng Entrevue haten, déi onglécklech verlaf ass. Ka jo virkommen.

Khashoggi

Am Februar 2019 hat d‘Agnès Callamard déi saudesch Regierung scho massiivst belaascht, huet awer de Krounprënz – esou eppes wier jo och éischter kontraproduktiv – net direkt mat dëser Affär a Verbindung bruecht. Och dat kloer méi Show wéi de reelle Wëllen ee politesche Mord opzeklären. Et wier wuel souwisou eppes méi wichteg sech ëm d‘Krichsverbriechen am Jemen ze këmmeren.

Datt ass elo en aneren Dossier, an fir nach emol op déi saudesch Justiz zeréckzekommen: et ass bis ewell nach ëmmer net gewosst, wien dann elo do vum Geriicht iwwerhaapt verurteelt ginn ass. Et hat zwar geheescht, datt een d‘Nimm géif bekannt ginn, wann d‘Urteeler rechtskräfteg sinn, mee et muss ee jo dierfe Récksiicht op d‘Perséinlechkeetsrechter huelen. Wéi och ëmmer, dat war et elo…

mat indymedia/nyc/tlv

Illustratioun: Wou keen Teppech ass, kann och näischt „drënner gekiert“ ginn… an awer ass elo alles „propper“. E klenge Passage mat der Raclette wierkt wonner. © Adli Wahid / unsplash

Related topics Agnès Callamard, Doudesstrof, Jamal Khashoggi, Mohammed ben Salmane, Saudiarabien
Next post Previous post