Search

You may also like

Brochlandung an Indien
International Neiegkeeten

Brochlandung an Indien

De Fluch IX-1344 vun der „Air India Express“ war ouni

Metallica a San Francisco Symphony: Den neien Live-Album S&M2 ass eraus!
International Neiegkeeten

Metallica a San Francisco Symphony: Den neien Live-Album S&M2 ass eraus!

Metallica-Fans hu wéi bänzeg drop gewaart – haut ass den

Schraasseg: Nei Direktesch wëll déi Schwaach schützen
International Neiegkeeten

Schraasseg: Nei Direktesch wëll déi Schwaach schützen

Mam Joke van der Stricht huet fir d‘éischt an der

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“

Nodeems Saudiarabien zouginn huet, datt de Jamal Khashoggi ob hirer Ambassade zu Istanbul vun „ausser Kontroll gerode Gespréichspartner“ ëmbruecht ginn ass, hunn d‘USA en Dënschdeg éischt Moossnamen ergraff. Si hunn d‘Visaen, vun deene revoquéiert, déi an dëser Affär implizéiert sinn.

Den Donald Trump, dee keng Zweiwel u senger Frëndschaft zur kinneklecher Famill opkomme léisst, huet d‘Aart a Weis, wéi dëse Mord sollt vertuscht ginn, als „totale Fiasko“ bezeechent. An Tatsächlech schéngt sech, 3 Wochen no der Ermordung vum Journalist, den internationalen Drock op Ryad ze erhéijen. Et sinn dat awer an éischter Linn wirtschaftlech Mesuren.

Esou huet den tierkesche President derzou opgeruff, all déi Persounen déi mam Dout vum Journalist ze dinn hunn, mat der ganzer Häert vun der Justiz ze bestrofen. De Recep Tayyip Erdogan, huet heibäi awer gutt drop uecht gedoen, de Krounprënz Mohammed ben Salmane net ze ernimmen.

Gëschter Owend huet den US-President affirméiert, datt de saudesche Krounprënz, mat deem hien e Méindeg en „Echange“ hat, him verséchert hätt näischt mam Dout vum Jamal Khashoggi ze dinn ze hunn. „Hien huet mir verséchert net an dëser Affär implizéiert ze sinn, dat hätt sech op engem méi niddregen Niveau ofgespillt“, esou den Donald Trump bei engem Meeting mat senge Generäl.

D‘Revocatioun vun de Visaen ass déi éischt (wierklech) konkret Entscheedung vu Washington géint säi laangjäregen Alliéierten. Vun der Moossnam betraff: 21 Saudien, deenen de Visa entzu gëtt, oder déi kee méi erhalen, esou d‘Prezisioun vum Heather Nauert, Spriecherin vum US-Ausseministère.

Sanktiounen?

Den US-Ausseminister Mike Pompeo, huet Ryad nach eng Warnung ausgeschwat: „Dës Sanktioune sinn net dat lescht Wuert dat d‘USA an dësem Dossier geschwat huet“. Och aner „Handelspartner“ vu Saudiarabien sinn dobäi hir Bezéiungen – zumindest offiziell – ze iwwerdenken.

Elo hu sech d‘Saudien, am Fall vun der Ermordung vum 59 järegen Editorialist a Kollaborateur vun der Washington Post, awer och besonnesch domm ugestallt. Séier war nogewise ginn, datt de Jamal Khashoggi den 2. Oktober d‘Ambassade zu Istanbul betratt hat, déi awer net méi aus eegener Kraaft verlooss huet. Et waren dann och déi tierkesch Autoritéiten déi direkt vu Mord geschwat hunn.

Faiten déi vum saudesche Kinneksräich an enger éischter Phas heftegst dementéiert gi waren, iert een d‘Ermordung da schlussendlech zouginn huet, woubäi hei kontradiktoresch Versiounen éischter als „Desinformatioun“ ze bewäerte sinn, wéi datt se engem géifen erlabe Conclusiounen ze zéien.

An dat stellt och fir den US-President e Problem duer: Soll hien de Saudie gleewen? „Ech wëll fir unzefänken d‘Faite kennen“ huet den Donald Trump geäntwert, iert hien dës „Operatioun“ selwer kritiséiert huet. An dann, eppes méi iwwerraschend, huet de Locataire aus dem wäissen Haus, sech och eng Kritik iwwert d‘Aart a Weis, wéi versicht ginn ass ze vertuschen, erlaabt.

„Si hate vun Ufank un ee ganz schlechte Projet, dësen ass dunn och erdenklech schlecht ausgefouert ginn, an de Versuch ze vertuschen, war deen an der Geschicht vun der Vertuschungen, déi schlechtst Manéier virzegoen. De Mord a seng Vertuschung sinn en totale Fiasko“, esou den US-President.

An elo?

Zu méiglechen Entscheedungen déi nach ze huele wieren, huet den US-President net vill ze soe gehat. Mee hien huet sech beméit ze ënnersträichen, wat Ryad dach fir en exzellenten Alliéierte wier an een dach net sollt vergiessen, datt Saudiarabien e wichtegen „Investisseur an den USA“ ass.

Während sech Washington drop konzentréiert de Schued a Grenzen ze halen, geet op der Welt eng gewësse „Skepsis géintiwwer Saudiarabien“ ëm. D‘G7-Ausseminister hunn an enger gemeinsamer Erklärung gemengt: „Déi gemaachten Erklärungen, loosse vill Froen onbeäntwert“. Eng „kuerz“ Remark, déi net drop schléisse léisst, datt een un enger transparenter Opklärung interesséiert ass.

An den tierkesche President huet sech en Dënschdeg beméit, Detailer zu der Virbereedung vun de „Killer“ ze ginn, fir d‘Premeditatioun vun enger virbereeter Operatioun nozeweisen.

De Recep Tayyip Erdogan huet esou behaapt, datt sech saudesch Agenten an engem Bësch bei Istanbul, wéi och an enger Stad am Nordoste vun der Tierkei „ëmgekuckt“ hätten. Wahrscheinlech fir sech no der Dot dem Kierper vum Journalist ze entleedegen. Hie sot och datt d‘Kamerae vum Iwwerwaachungssystem vun der Ambassade de Moie vum Mord ausgeschalt goufen.

Mee den tierkesche President dee „komplex Bezéiungen“ zum Kinnekräich ënnerhält, well dësen engersäits en „diplomatesche Konkurrent“ ass, anersäits e wichtegen Handelspartner, schéngt och besuergt de saudesche Kinnek Salmane aus der „Schosslinn“ ze halen.

Interessant an dësem Kontext, datt den tierkesche President seng Ausféierungen nëmmen e puer Stonnen no der Erëffnung zu Ryad, vum internationalen Investitiounsforum (den „Davos vun der Wüst“) gemaach huet. E „Sommet“ vun deem sech wéinst der Affär Khashoggi, vill Staatscheffe mee och wichteg Wirtschaftsacteuren ewech halen. Den US-Finanzminister ass ee vun hinnen…

mam Jérôme Cartillier an dem Gokan Gunes/AFP

Foto: Mécht Saudiarabien d‘Dier op, oder zou? (hei eng Vue op d‘Entrée vun der Ambassade zu Istanbul vu gëschter). Déi ganz Wourecht hannert dem „Verschwannen“ vum Jamal Khashoggi wäert d‘Welt awer net gewuer ginn. © Yasin Akgul/AFP

Related topics Donald Trump, Jamal Khashoggi, Krounprënz, Mohammed ben Salmane, Recep Tayyip Erdogan, Saudiarabien
Next post Previous post