Search

You may also like

Lëtzebuerg exportéiert all Joer tonneweis Offäll
Fail Neiegkeeten

Lëtzebuerg exportéiert all Joer tonneweis Offäll

Et kléngt e bëssche bosseg: All Joer exportéiert Lëtzebuerg Knascht

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech
Fail Neiegkeeten

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A1

Eng hallef Millioun US-Dollar fir dem Bob seng Telecaster
Fail Neiegkeeten

Eng hallef Millioun US-Dollar fir dem Bob seng Telecaster

Eng vun den emblematesche Gittaren, déi den Iwwergang vum Folk

dislike

Dossier Skripal: De Jean Asselborn stellt sech hannert d‘Theresa May

Dossier Skripal: De Jean Asselborn stellt sech hannert d‘Theresa May

An der däreger Affär ëm d‘Vergëftung vun engem fréiere russesche Spioun zu Salisbury, huet elo och de lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn Positioun ergraff. De Sergueï Skripal (66) an seng Duechter Ioulia (33), sollten, esou déi britesch Regierung, op Uerder vu Moskau mat engem neurotoxeschen Agent ëmbruecht ginn.

Beweiser, datt Russland hannert dësem Uschlag stécht, gëtt et wuel keng, an awer si weltwäit iwwer 140 russesch Diplomaten ausgewise ginn. An deem Kontext huet déi lëtzebuergesch Regierung um Mëttwoch Groussbritannien seng vollste Solidaritéit erkläert. Den Uschlag géif, esou heescht et am Communiqué vum Ausseministère, eis gemeinsam Sécherheet a Fro stellen.

D‘Regierung veruerteelt dann och mat der „gréisster Häert“ de schänterlechen Ugrëff, an schléisst sech der Analys vun der britescher Regierung un, no där et „héchstwahrscheinlech ass“, datt déi russesch Federatioun derhannert stécht. Et géif jo och keng aner plausibel Erklärung.

Eisen Ausseminister zitt dann och Konsequenzen, an huet entscheet de lëtzebuergeschen Ambassadeur zu Moskau anzeberuffen. Mat deem wëll sech den Ausseminister beroden. Op Lëtzebuerg och Diplomaten ausweise wëll, oder Sanktiounen ergräift, war aus dem Communiqué net gewuer ze ginn.

Foto: © Emmanuel Dunand/AFP

Related topics Jean Asselborn, Neurotoxin, Russland, Sergueï Skripal, Theresa May
Next post Previous post