Search

You may also like

What the Fakt – Déi éischt Mënschen um Daach vun der Welt!
Neiegkeeten

What the Fakt – Déi éischt Mënschen um Daach vun der Welt!

Wat eng sportlech Leeschtung! Um 29. Mee 1953 hunn den

IO STO BENE um internationale Festival vu Mons
Neiegkeeten

IO STO BENE um internationale Festival vu Mons

No senger Weltpremière am vergaangenen Oktober, freet sech déi Lëtzebuergesch

Den Iran trauert ëm d‘Affer vum Äerdbiewen
Neiegkeeten

Den Iran trauert ëm d‘Affer vum Äerdbiewen

Wéinst dem schwéieren Äerdbiewen dat um spéide Sonndegowend mat enger

Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung

CSV an ADR hunn elo der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg nogeluecht ze demissionéieren

Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung

An der Ëmweltkommissioun war et den CSV-Deputéierten net méiglech all d‘Froen un d‘Carole Dieschbourg ze riichten, wat fir eppes Veriergerung beim Michel Wolter gefouert huet an esou an der Plenière e Nospill huet missen hunn. En Ierger dee vun der ADR gedeelt gëtt, firwat och si elo gewëllt sinn den Nol bis Uschlag anzeklappen.

Esou ass et dann och gëschter um Krautmaart zu enger liichter „Ausenanersetzung“ komm, woubäi een éischter vun engem „zolitte Requisitoire“ schwätze misst. De Michel Wolter, deen „de Stéier gäre bei Haren erbäizitt“ huet näischt ausgelooss an ass iwwerzeegt demonstréiert ze hunn, datt et am Dossier Traversini wuel ëm Favoritismus gaangen ass.

Dat géif sech dann och unhand dem Dossier och demonstréiere loossen, esou den Deputé-Maire vu Käerjeng, dee sech drop behaapt, datt et keen aneren Dossier dëser Aart géif ginn. Dee wier der Ministesch zur Ënnerschrëft virgeluecht ginn, ouni datt all Piècen am Dossier enthale gewiescht wieren. Dat wier eng onméiglech Situatioun.

An de Michel Wolter huet dann och nees déi vun der CSV-Fraktioun ervirbruechte juristeschen Argumenter opgeholl, déi sech op d‘Illegalitéit vun der Geneemegung bezéien. An den Deputé-Maire widderhëlt et nach emol: „Mir stinn hei virum gréissten Ëmweltskandal deen d‘Land jee gesinn huet“. Nujee, ganz esou krass ass et elo och net.

Eng kleng Parenthes…

Déi vum Michel Wolter opgestallte Behaaptung huet tatsächlech éischter e politesche Charakter. Wann ee nämlech zu Lëtzebuerg vum „gréissten Ëmweltskandal“ schwätze wëll, esou misst een, laang iert een zum „Gaardenhaischen“ kënnt, iwwert en Contournement deen duerch eng Natura 2000 Zon geleet gëtt, de Projet Google a sécherlech och iwwert d‘Jughurtsfabrick schwätzen.

Alles Projeten allerdéngs an déi och déi gréng verwéckelt sinn, vu datt si hei déi an der politescher Verantwortung stinn. Do sinn „déi gréissten Ëmweltskandaler“ ze sichen, mee well d‘CSV do och d‘Fangeren (wéi iwwregens och zu Déifferdeng wou si de Koalitiounspartner vun déi gréng sinn) mat am Spill huet, konzentréiert ee sech op dat schwächste Glidd an der Ketten. Esou geet Politik.

Net de Beamten d‘Schold an d‘Schong drécken

Dat gesot, kann een dem Michel Wolter an der CSV awer elo net virwerfen, sech op d‘Recht ze beruffen an déi vollstänneg Opklärung am Dossier Traversini ass eng duerchaus berechtegt an och fir de Bierger wichteg Fuerderung. Luewenswäert de Virstouss vum CSV-Deputéierten, datt hien sech virun d‘Beamte vum Ministère stellt, an eenzeg d‘Ministesch an der Verantwortung gesäit.

Interessant och, well net onerhieflech aus juristescher Siicht, datt d‘CSV unhand enger Rei Biller beweise kann, datt während dem Zäitraum an deem de Chantier hätt missen ugehale ginn, also zumindest bis déi erfuerderlech Autorisatioune virgeleeën hunn, lëschteg weider geschafft gouf. Et goufen Terrassementsaarbechte virgeholl wat zu juristesche Poursuitte hätt misse féieren.

Do hätt d‘Carole Dieschbourg „d‘Hand driwwer gehalen“, woumatter d‘Beschëllegung, hei wier de Roberto Traversini „privilegiéiert“ ginn, nees eppes méi „vertrietbar“ woubäi dat elo ech kee juristesch verwäertbart Argument ass datt zum Récktrëtt vum Carole Dieschbourg féiere sollt. Et sollt een och – zumindest bis de Géigendeel bewisen ass – der Ministesch keng Ligen ënnerstellen.

Illustratioun: Rebecca Schönbrodt/Pixabay

Related topics Carole Dieschbourg, Ëmweltkommissioun, Favoritismus, Michel Wolter, Parquet, Rechtsstaat, Roberto Traversini
Next post Previous post