Search

You may also like

money
En eenzegt Trauerspill
Neiegkeeten

En eenzegt Trauerspill

Den europäesche Finanzsommet, bei deem et nieft dem ominéise Konjunkturplang

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!
Neiegkeeten

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!

Mam éischten Album Feuded huet alles ugefaangen. Elo verséisst de

Schwéier Onwieder hunn am Rhein-Main Gebitt hiert Onwiese gedriwwen
Neiegkeeten

Schwéier Onwieder hunn am Rhein-Main Gebitt hiert Onwiese gedriwwen

Um Sonndeg war dat gesamt Gebitt ronderëm Frankfurt (Hessen) vun

Dossier Traversini: D‘Gemeng huet eng Rechnung ausgestallt

D‘Aarbechte vun der Gemeng am Kader vum Gaardenhaische loossen sech bezifferen

Dossier Traversini: D‘Gemeng huet eng Rechnung ausgestallt

Wéi mir gewuer goufen, huet d‘Gemeng Déifferdeng am Kontext vun den Aarbechten, déi vun de Gemengeservicer an der Péitenger-Strooss duerchgefouert goufen, elo d‘Käschten an déi dozou unhänglech „Bedeelegung“ vum Proprietaire ausgerechent. Wierklech „Präiswäert“ ass dat net.

Et handelt sech heibäi ëm Infrastrukturaarbechten um Gemengewee, deen zur Parzell féiert. Dës Aarbechte waren net no de Reegele vun der Konscht an Optrag gi ginn. Dat ganzt wier sengerzäit vum Buergermeeschter ausgaangen an d‘Käschte géifen sech insgesamt op 127.912 Euro belafen.

D‘Part déi dem Proprietaire zougewise gëtt, beleeft sech op 36.531 Euro. Dat ergëtt sech aus enger analytescher Repartitioun déi vun den zoustännege Servicer realiséiert ginn ass. D‘Entscheedung war gëschter um Enn vun der Gemegerotssëtzung (hannert zouen Dieren) geholl ginn.

Foto: Michael Schwarzenberger / Pixabay

Related topics Déifferdeng, Gaardenhaischen, Infrastrukturaarbechten, Rechnung, Roberto Traversini
Next post Previous post