Search

You may also like

Editorial: Den Donald an d‘Demokratie
Neiegkeeten WTF

Editorial: Den Donald an d‘Demokratie

Et gëtt Koppelen an der Weltgeschicht, déi wëllen einfach net

Ee siichtbaren Erfolleg
Neiegkeeten WTF

Ee siichtbaren Erfolleg

Scho fir déi 6. Kéier huet déi Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI)

Walk of Steel
Neiegkeeten WTF

Walk of Steel

Déi Saarlännesch, däitsch an europäesch Stolindustrie steet, bedéngt duerch den

surprise

Douane mat engem erfreeleche Bilan

Zolidd Saisien, streng Kontrollen am Beräich vum Stroossentransport an am Secteur HORESCA, mee och d‘Einnamen am Kader vun den Accisen an der TVA, maachen däitlech, wéi wichteg d‘Douane och nom Ofbau vun de Grenze fir eist Land ass.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet dann och d‘Feier zu Éieren vum hellege Matthäus, Apostel vun der Douane, genotzt fir zesumme mam Direkter Alain Bellot e Bilan vun de leschte Méint ze zéien. De Minister weist dann och drop hin, dat obwuel een d‘Beamte vun der Douane net méi esou am Alldag „gesäit“, se nach ëmmer präsent sinn.

Et hätten sech och virun allem hir Aarbechtsberäicher verännert, zanter datt d‘Grenze wéi een se kannt huet, ewechgefall sinn. Hir Aufgaben an de Beräicher: Fiskalitéit, Sécherheet a Wirtschaft sinn allerdéngs och weiderhi fir de Staat wichteg a néideg. Si droe mat hirem Asaz zum gudde Fonctionnement vun eiser Gesellschaft bäi.

Wichteg fir de Staatsbudget

Wéi eng Roll d‘Douane och fir de Staatsbudget spillt, gëtt ersiichtlech, wann ee sech vrun Ae féiert vu wéi engen Zommen hei geschwat gëtt. D‘Einname vun den Douanestaxen an den Accisë belafen sech op iwwert 1,6 Milliarden Euro.

Dovunner geet de groussen Deel zu Laaschte vun den energetesche Produiten (Diesel, Bensin, Gaz a Stroum) mat ronn 838 Milliounen Euro. Den zweetgréisste Posten ass nach ëmmer den Tubak, dee mat 531 Millioune fir d‘Staatskeess beziffert gëtt. De Rescht vun den Einname verdeelt sech op Taxen (Auto, Vignettë fir d‘Camionen, an Alkohol).

Zudeem, esou de Wirtschaftsminister, ass d‘Douane och e „service provider“ ginn. Déi wirtschaftlech Acteure kréie mat der Ënnerstëtzung vun der Handelskummer Formatiounen ugebueden, déi se mat de Prozedure familiariséieren. Zudeem kann a gëtt haut villes „elektronesch“ oder numeresch verschafft. Esou spueren d‘Entreprisen Zäit a Geld.

Iwwerwaachen, préiwen, aus dem Verkéier zéien

Och fir de Konsument net ëmmer direkt ersiichtlech, huet d‘Douane eng grouss Schutzfunktioun. Si deet zum Beispill uecht, datt keng geféierlech Produiten op de Maart kommen. Natierlech passen se och op, datt keng „Kopien“ d‘Hiersteller beducksen.

An dësem Kontext sinn dann och e sëlleche Produite vum Maart geholl an/oder saiséiert ginn. Spektakulär esou d‘Saisie vu 461 Kartongen Zigaretten (dat ass net nëmmen eng fiskal Infraktioun mee och direkt geféierlech) oder d‘Beschlagnahmung vu 70.000 „Fidget Spinner“ déi net de Sécherheetsnormen entsprach hunn.

D‘Beamte vun der Douane passen dann och nach op, datt sech d‘Commerçante anstänneg behuelen. Dat engersäits am Kader vun der „concurrence deloyale“ an anersäits, datt an de Restaurante „propper“ geschafft gëtt. Esou war gewuer ze ginn, datt am Beräich HORESCA (Hotel Restaurant Café) an de leschten 18 Méint 800 Etablissementer kontrolléiert gi sinn, wouvunner der 31 hu missen zolidd protokolléiert ginn.

Sécherheet geet vir

Wann et dem Duerchschnëttsbierger sécherlech opgefall ass, datt d‘Douane och am Kader vum Plang „VigilNat“ op de Stroossen an de Garë verstäerkt uecht gedinn huet, esou muss ee wëssen, datt och nach aner Beräicher hir Kompetenz an Usproch huelen.

Mat zwou Brigaden, dovunner eng zu Dikrech an déi aner zu Fréiseng, sinn d‘Beamte fir de Schutz vun Ëmwelt a Natur am Asaz. Kontrolléiert ginn hei zum Beispill d‘Waasser an d‘Ofluede vu Knascht an Dreck. Wien sech hei de Batti stellt muss mat méi wéi nëmmen engem Protokoll rechnen.

Datt och d‘Kontrollen am Beräich vum Stroossentransport wichteg a néideg sinn, beweisen dréchen Zuelen. Och d‘Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten aus de Nopeschlänner ass gutt a dréit hir Friichten. Heiranner passt och de Volet „Geldwäsch“ a „Geldtransfer“. Am ganze sinn hei iwwert eng hallef Millioun saiséier ginn, dovunner ginn der eleng op de Konto vum „Cash“ (den Hond heescht wierklech esou) 286.310 Euro.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Accisen, Douane, Pierre Gramegna
Next post Previous post