Search

You may also like

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung

Den 21 September 2018 huet de Regierungsrot seng Zoustëmmung zum

Geosite-Hopping am Natur- & Geopark Mëllerdall
Neiegkeeten

Geosite-Hopping am Natur- & Geopark Mëllerdall

Geologesch gesi kann een an eiser Regioun wonnerschéi Plazen entdecken.

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns
Neiegkeeten

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

Dir kennt et all: D‘Feierdeeg sinn do, et hockt ee

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen

An der Woch vum 22. Februar 2021 huet d‘Douanesverwaltung verstäerkt Kontrollen vun der Ladungssécherheet vu Camionen gemaach an an deem Kader eng ronn 70 Gefierer kontrolléiert, woubäi bei verschidde Camionen eescht Verstéiss géint bestoend Gesetzestexter festgestallt gi sinn.

De Beamten vun der Transportbrigade vun der Douane ass während enger Patrull op der Autobunn A6 ee Camion negativ opgefall. Bei der Kontroll um Centre Douanier hunn d‘Beamte festgestallt, dass alen Ueleg (polychlorobiphényles – PCB) an ofgelafenen IBC (intermediate bulk container) – Container transportéiert ginn ass.

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen
© Douane

Deen alen Ueleg sollt aus der Belsch a Frankräich gefouert ginn fir do entsuergt ze ginn. De Camion ass dunn bei de Lamesch eskortéiert ginn, wou deen alen Ueleg an nei IBC Container ëmgeschott ginn ass. Doropshin ass den Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung kontaktéiert ginn an hir Kontrollunitéit huet der Transportfirma een Avertissement taxé vun 500 Euro ausgestallt well op den Transportpabeieren Lëtzebuerg net als Transitland drop stung.

Zousätzlech hunn d‘Beamten vun der Douane ee Protokoll géint d‘Transportfirma geschriwwen wéinst den ofgelafenen IBC Container.

Desweideren hunn d‘Beamten ee Camion aus Frankräich ugehalen, deen Heebotten gelueden hat an eng Héicht vun 4,80 Meter erreecht huet, woubäi nëmmen 4 Meter ouni Autorisatioun erlaabt sinn. An dësem spezielle Fall hätt d‘Firma déi relevant Autorisatioun och net ausgestallt kritt well d‘Wuer deelbar ass an esou op de Camion ka gelueden ginn, dass déi maximal 4 Meter Héicht respektéiert sinn. Beim ugehalene Camion waren d’Botten net nëmmen ze héich gelueden, mee sie waren och net richteg gesëchert.

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen
© Douane

Bei der geneeër Kontroll ass de Beamten opgefall, dass den aktuelle Propriétaire de Camion am Abrëll 2020 kaft hat, awer ni op sech ugemellt hat an de Chauffeur konnt och weder eng Assurance, nach eng Eurovignette bei der Kontroll virweisen. Donieft sinn och nach Verstéiss bei den Fuer- a Rouhzäiten festgestallt ginn.

Bei der uschléissender Mazoutskontroll hunn d‘Beamten dunn och nach roude Mazout am Tank fonnt, woufir d’Firma och keng Autorisatioun besiess huet.

Opgrond vun de verschiddenen Infractiounen huet dëss franzéisch Firma am Ganzen Avertissements taxés an enger Héicht vun 2.523 Euro an wéinst dem roude Mazout eng Accisenstroof vun 1.500 Euro op der Plaatz misste bezuelen.

Schlussendlech ass de Camion ofgeschleeft ginn an d‘Botten sinn op en aneren Camion ëmgeluede ginn soudass all d’Virschrëften fir e Weidertransport respektéiert waren.

Bei engem aanere Camion war d’Charge, well si mat ze wéineg Gurter gesëchert war, esou verrutscht, dass e Sëcherheetsrisiko bestanen huet an de Camion esou net méi weiderfuere konnt. Nodeems de Chauffeur d‘Wuer nees richteg gestapelt, nogesëchert an een Avertissement taxé vun 250 Euro bezuelt hat, konnt de Chauffeur finalement no 36 Stonnen erëm weiderfueren.

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen
© Douane

Eng aner gravéierend Infractioun ass festgestallt gi bei engem Camion, deen een eenzege Gurt hat fir ganzer 23 Tonnen Charge ze sëcheren.

Vu dass d’Remorque net genuch Zurrpunkten hat fir déi fehlend 26 Gurter, déi nach néideg gewiecht wieren, ze befestegen, konnt dëss Wuer nëmme gesëchert ginn andeems Antirutschmatten ënnert d‘Paletten geluecht gi sinn. Nodeems dat geschitt war an een Avertissement taxé vun 250 Euro bezuelt ginn ass, konnt de Chauffeur weiderfueren.

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen
© Douane

Et sief och ze bemierken, dass et ëmmer erëm viirkënnt, dass e Camion ugehale gëtt well seng Pneuen net an der Rei sinn.

An deem Fall gëtt de Camion ëmmer immobiliséiert bis déi net conform Pneuen gewiesselt sinn. Desweideren ass en Avertissement taxé vun 145 Euro fälleg an de Chauffer verléiert 2 Punkten um Führerschäin.

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen
© Douane

Am Kader vun de verschärfte Kontrollen vun der Douanesverwaltung déi tëscht dem 22. Februar an 26. Februar 2021 stattfonnt hunn, sinn am Ganzen 2 Protokoller geschriwwen an 87 Avertissements taxés an Héicht vun 25.411 Euro opgehuewe ginn.

Matgedeelt vun der Douane

Related topics Antirutschmatten, Douane, Eurovignette, futtis Pneuen, Gurter, Hee, Iwwerluedung, Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen, Remorque, Sécherheet
Next post Previous post