Search

You may also like

Urban Living – Eng Foire fir de Logement gëtt 10 Joer jonk
Kultur Neiegkeeten

Urban Living – Eng Foire fir de Logement gëtt 10 Joer jonk

No Zéng Joer kann ee wuel vun Traditioun schwätzen, a

Haassrieden an der Lëtzebuerger Politik solle gestoppt ginn!
Kultur Neiegkeeten

Haassrieden an der Lëtzebuerger Politik solle gestoppt ginn!

D’ASTI kämpft well zënter 40 Joer géint all Form vun

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran
Kultur Neiegkeeten

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran

Um Dënschdeg hunn den Donald Trump an den Emmanuel Macron

Rolling Stones: De legendäre Batteur Charlie Watts ass verstuerwen

Rolling Stones: De legendäre Batteur Charlie Watts ass verstuerwen

Den Charlie Watts, bekannt fir säi legendäert Gefill fir Rhythmus, ass en Dënschdegowend am Alter vun 80 Joer zu London verstuerwen. Eng Doudesursaach gouf net genannt. Duerch seng onmoosseg Energie huet de Batteur d’Rolling Stones méi wéi en halleft Joerhonnert un d’Spëtzt gedriwwen.

An enger Erklärung vun der Band a vum Charlie Watts sengem Spriecher heescht et:

„Mat grousser Trauer gi mir den Dout vun eisem léiwe Frënd Charlie Watts bekannt. Hien ass friddlech zu London an engem Spidol verstuerwen, seng Famill war bei him. De Charlie war ee beléifte Papp, Grousspapp an och Member vun de Rolling Stones – e vun de gréisste Batteure vu senger Generatioun. Mir froe frëndlech, datt d’Privatsphär vu senger Famill, de Bandmemberen a senge gudde Frënn an dëser schwéierer Zäit respektéiert gëtt.“

Charlie Watts
The Rolling Stones / Facebook

De Watts an de Richards gëllen allgemeng als gréisste Rock-Museker vun allen Zäiten. Si stounge schonn ëmmer am Mëttelpunkt vun instrumentale Sound vun de Rolling Stones. De Richards huet d’Hallschent vun de Concerten domat verbruecht, sech ëmzedréinen, an am Takt vum Batteur sengem Rhythmus mam Kapp ze wibbelen.

Wéi an dëser Rezensioun vum Rolling Stones Magasinn am Joer 2012 ass a bleift d’Bedeitung vum Batteur onverkennbar: „Trotz der medialer Muechtopstellung besteet keen Zweiwel, datt de Watts d’Häerz vun dëser Band ass a bleiwe wäert. Mat 71 Joer verléint seng grenzelos Energie a säin iwwernatierlecht Gespier fir Swing, de Songs vun der Band eng onvergläichlech Autoritéit. Si definéieren déi widderspréchlech, ugespaant-entspaante Säit, déi d’Häerzstéck vum Rythmus vun de Rolling Stones ass.“

Den Charlie Watts war ni en opfällege Batteur, mee de Beat vun „The World’s Greatest Rock and Roll Band“. Fir nach am Alter vu 78 Joer een zweestonnelaange Set ze spillen, huet hien eng immens kierperlech Ausdauer bewisen.

Opmaacherbild: © Poiseon Bild & Text / Flickr (CC BY 2.0)

Related topics Batteur, Charlie Watts, Dout, Ikon, London, Musék, Rock, Rolling Stones
Next post Previous post