Search

You may also like

Anti-Atom-Kampf op Aenhéicht
Neiegkeeten

Anti-Atom-Kampf op Aenhéicht

Gëschter huet d’Chamber mat grousser Majoritéit een nationaalt Atomhaftungsgesetz ugeholl.

Si hu gelunn an bedrunn, elo kréien si de Prozess gemaach
Neiegkeeten

Si hu gelunn an bedrunn, elo kréien si de Prozess gemaach

Véier Joer ass et schonn hir, datt de Bedruch bei

Zweet Erdrénken – Wann de klenge Kierper ëm d’Iwwerliewen kämpft
Neiegkeeten

Zweet Erdrénken – Wann de klenge Kierper ëm d’Iwwerliewen kämpft

De Summer ass do – wat gëtt et Besseres ewéi

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen

De Ministère wëll kuerz wéi laangfristeg eppes maachen

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen

D’Doudesaffer hunn zu Lëtzebuerg en historesche Minimum erreecht: Et gouf 2017 “nëmmen” 25 Doudeger op eise Stroossen. Mee et si weider d’Motorradsfuerer, déi engem am meeschte Suerge musse maachen. Beim Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère stellt ee fest, datt et schonn e puer doudeg Motocycliste fir dëst Joer op eise Stroosse gouf. Dobäi hätt d’Saison eréischt ugefaangen.

Et gi vill Mesuren ergraff, fir sech dësem Problem unzehuelen

De François Bausch (déi gréng) an den Étienne Schneider (LSAP) wëllen zesumme schaffen, fir d’Sécherheet op eise Stroossen ze verbesseren. Do gëtt net nëmme laangfristeg, mee och séier gehandelt. Esou wëll een nei Panneauen opstellen, déi fir Motocycliste besonnesch geféierlech Streckenofschnëtter markéieren. Et solle méi Police-Kontrolle gemaacht ginn, déi sech op d’Motocycliste konzentréieren. An nach weider soll eng nei Formatioun “Fit for your bike” offréiert ginn.

E Pilotprojet hëlt do eng aner Route: Eng speziell Markéierung soll Motocyclisten dozou bréngen, e Sécherheetsofstand vis a vis vun der Mëttellinn ze halen. Domat soll vir méi Sécherheet an de Kéiere gesuergt ginn.

[…] Soulaang et Doudeger oder schwéier Blesséierter ginn, sinn ech net zefridden.

François Bausch, Nohaltegkeets an Infrastrukturminister

“De Bilan fir 2017 mécht éischter Courage a mir verfollegen e Kampf géint d’Onsécherheet op eise Stroossen mam Zil vun der Visioun Null. Dat heescht null Doudeger an null schwéier Verletzter op eise Stroossen”, erkläert de François Bausch. An de leschte Jore wier vill geschitt, fir dëser Zilsetzung mi no ze kommen. “D’Mesure vum ‘Plan d’action sécurité routière’, deen 2014 etabléiert gouf, dréit seng Friichten. Mee soulaang et Doudeger oder schwéier Blesséierter ginn, sinn ech net zefridden. Mir mussen eis Efforten am Kampf géint d’Onsécherheet op eise Stroosse verstäerken”, insistéiert de Minister.

Virun allem goufe bei den Accidenter mat stateschen Objeten, wéi zum Beispill Beem, Fortschrëtter gemaach. Dat erkläert sech doduerch, datt méi Leitplanken installéiert gi sinn: Et waren der d’lescht Joer ganzer 10 Kilometer. Fir 2018 sollen 8 Kilometer dobäi kommen, 16 Kilometer sinn nach weider a Planung. Déi heefegst Ursaach fir d’Accidenter bleift weider d’Vitesse.

Mam Service Information et Presse

 

Related topics Etienne Schneider, François Bausch, Infrastruktur, Lëtzebuerg, Sécherheet, Stroossen
Next post Previous post