Search

You may also like

Bass du prett fir Black Panther?
International Neiegkeeten

Bass du prett fir Black Panther?

All puer Méint begréisst eis en neie Superhelde-Film an de

Schluss mat der Degradéierung
International Neiegkeeten

Schluss mat der Degradéierung

D’CGFP an hier Verbänn FEDUSE an ADIL konnten déi, fir

CSJ: D’Familljeministesch Corinne Cahen muss hirer Verantwortung endlech gerecht ginn!
International Neiegkeeten

CSJ: D’Familljeministesch Corinne Cahen muss hirer Verantwortung endlech gerecht ginn!

Säit bal engem Joer sëtzen eeler Leit eleng an hirem

Doudeger am Container schocken England

Zu Grays bei London huet d‘Police 39 Läichen an engem Camion opfonnt

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet d‘Police vun Essex (Groussbritannien) an engem Container 39 Läichen entdeckt. Bei den Doudegen handelt et sech éischten Erkenntnisser no ëm 38 Erwuessener an engem Teenager. Hir Identitéit konnt zur Stonn nach net ermëttelt ginn. D‘Autoritéite gi vu Migranten aus. De Chauffer, e 25 Järegen nordiresche Bierger gouf festgeholl.

Laut deem wat d‘Autoritéite bis ewell sécher ermëttele konnten, wier de Camion mat senger gräisslecher Fracht vu Zeebrugge (Belsch) aus zu Purfleet (Groussbritannien) géint 1.30 Auer Mëttwochs ukomm. Registréiert war de Camion an der bulgarescher Hafestad Varna, wat esou och vum bulgareschen Ausseministère bestätegt ginn ass. De Camion werft allerdéngs och Froen op.

ContainerEsou heescht et weider, datt de Camion enger Entreprise gehéiert. Déi Entreprise gehéiert enger Fra aus Irland. Déi bulgaresch Autoritéiten hu weiderhin erkläert, datt de Camion een Dag no senger Umeldung am Juni 2017 d‘Land verlooss huet an ni méi a Bulgarien agereest ass. Dat wier dann awer nees näischt Ongewéinleches, wat mat de gënschtege Steieren a Bulgarien zesummenhänkt.

Ageschleist Migranten?

De Chef vun der Police huet erkläert, datt een ugefaangen huet déi Doudeg ze identifizéieren, wat awer e längere Prozess ass. Parallel dozou gëtt ënnersicht, wat genee passéiert ass. Vill Indizie loosse vermudden, datt et sech bei den Doudegen ëm an d‘Land ageschleiste Migranten handelt. De Container war an der Industriezon Waterglade zu Grays, keng 30 Km vu London opfonnt ginn.

ContainerContainerEt ware Sanitäter déi d‘Police informéiert haten. Wien de Rettungsdéngscht informéiert huet ass zur Stonn och nach net gewosst, mee wéi d‘Sanitäter op der Plaz waren, konnten si nëmmen nach den Dout vun de leit am Container feststellen. Gewosst ass an der tëscht och, datt de Camion schonn de leschte Samschdeg iwwert d‘Grenz a Groussbritannien ukomm. De Chauffer ass festgeholl ginn.

Dat gouf et alles schonn

Wann d‘Fakten och gräisslech, jo esouguer schrecklech sinn, esou ass de Fall vu Grays net nei an och mat Sécherheet net de leschten. Esou muss een un de Fall aus Éisträich erënneren, wou am August 2015 an engem ungaresche Kill-Camion 71 doudeg Flüchtlingen opfonnt goufen. Oder de Fall aus Libyen, wou am Februar 2017, iwwer véier Deeg, 69 Mënschen an engem Container agespaart waren. Heibäi sinn 13 Mënschen ëm d‘Liewe komm. D‘Täter sinn ni behellegt ginn.

mat indymedia/lon

Foto: De Camion mat senger gräisslecher Fracht gëtt vun den Experten ënnersicht. De Chauffer Mo Robinson (25) aus Ulster, Nordirland soll leedeglech de Container „Ofgeholl“ hunn. Bis gekläert ass, wéi eng Roll hie spillt an ob hien iwwerhaapt eppes mam „Inhalt“ vum Container ze dinn huet, gëtt hie vun der Police festgehalen. © Justice Forum

Related topics Camion, Container, Essex, Grays, Migranten, Police
Next post Previous post