Walt Disney: E Kënschtler, en Dreemer, eng Legend

Haut ass et scho 55 Joer hir, datt de berüümten US-Amerikaneschen Trickfilmzeechner a Filmproduzent Walt Disney gestuerwen ass. Duerch seng Figuren a Filmer, déi fir seng Zäit eng richteg Innovatioun waren, lieft hien nach haut weider a begeeschtert weltwäit Kleng a Grouss.

Am Alter vu 15 Joer soll de Walter Elias Disney sech fräiwëlleg beim Roude Kräiz gemellt hunn, fir wärend dem Éischte Weltkrich Hëllef ze leeschten. Nodeems hien zeréck koum, huet hie mam Ub Iwerks eng eegen Animatiounsfirma gegrënnt, déi sech duer Héichten an Déifte kämpfe misst.

Mam Wierk „Steamboat Willie“ war et schliisslech esou wäit – si konnten de groussen Duerchbroch erreechen. A wie war wuel an dësem Cartoon ze gesinn? D’Figur, déi eis haut all als Mickey Maus bekannt ass.

Walt Disney
D’Mickey Maus am Film « Steamboat Willie » (1928)

No diverse klengen Zeechentrickfilmer sollt et schliisslech 1937 „Schnéiwäisschen an déi siwen Zwergen“ sinn, deen als längere Film fir grousse (finanziellen) Erfolleg gesuergt huet. Fir d’Innovatioun vum Kino gouf den Disney mat engem groussen a siwe klengen Oscars ausgezeechent.

Nieft bekannte Figure wéi der Mickey Maus an dem Donald Duck konnt de Walt Disney 1955 säin Dram erfëllen a säi Fräizäitpark a Kalifornien – d’Disneyland – opmaachen.

No iwwer 650 Produktiounen war d’Dschungelbuch de leschte Film, un deem hie bedeelegt war. Am Joer 1966 ass de kreative Kapp, deen esou vill gefëmmt huet wéi en eenzegaarteg Iddien hat, mat 65 Joer no enger Operatioun u Longekriibs gestuerwen.

Walt Disney

E Mann, ëm dee sech esou munch Mythen dréien

Et gëtt gemunkelt, datt de Walt Disney zu senge Liefzäite bal all Disney-Figuren esou kreéiert huet, datt si een oder béid Elterendeeler verluer hunn. Dat louch dorun, datt och seng Mamm fréi gestuerwen ass.

Ma, e wäit verbreete Gerücht ass och, datt hie sech no sengem Dout afréiere gelooss hätt. Déi sougenannt Kryonik, bei där de mënschleche Kierper mat Stéckstoff agefruer gëtt fir esou vläicht an der Zukunft den Dout ze iwwerlëschten, war an de 60er Joren e vill diskutéiert Thema. Allerdéngs huet säi Meedchen Diane Marie offiziell kloergestallt, datt säi Papp ni onstierflech wollt sinn an en zwee Deeg no sengem Dout ageäschert ginn ass.

De Walt Disney war ab 1925 a bis zu sengem Liewensenn mam Lilian Bounds. Nieft hirer Duechter dem Diane Marie, huet d’Koppel d’Sharon Mae adoptéiert.

Och haut nach existéiert d’Walt Disney Company, déi sech als Zil gesat huet weltwäit de Publikum ënnerhalen an inspiréiere ze wëllen. Nieft dem Disneyland a Kalifornien, Florida, Tokio, Paräis, Hong Kong a Shanghai, bitt „Adventures by Disney“ Vakanze voller Aventuren a mat der „Disney Cruise Line“ Reesen op hire Croisièren un.

Nieft dem Mickey, sinn et och modern Figure wéi d’Rapunzel, d’Äiskinnigin, d’Merida an den Joe Gardener (Souls) déi fir Begeeschterung suergen.

Dernières nouvelles