Search

You may also like

Venezuela: US-Marionett kann Erwaardungen net erfëllen
International Neiegkeeten

Venezuela: US-Marionett kann Erwaardungen net erfëllen

Obwuel de selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido vun den USA,

Dank Ronaldo a Messi: EU op Krichsfouss mat Steierflucht-Beroder
International Neiegkeeten

Dank Ronaldo a Messi: EU op Krichsfouss mat Steierflucht-Beroder

Bréissel huet um Mëttwoch seng Offensive géint Banquieren, Affekoten an

SIPRI: Et gëtt massiv opgerëscht!
International Neiegkeeten

SIPRI: Et gëtt massiv opgerëscht!

Während zu Madrid d‘UN-Weltklimakonferenz COP25 opgefouert gëtt, spillen d‘Weltmuechten an

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert

Um Donneschdeg ass a Florida nees e Mënsch exekutéiert ginn. Et ass déi éischt no 18 Méint Paus- Eng Paus déi wéinst dem kontroverséierte Sedativ „Midazolam“ erzwonge war. E neit „Schlofmëttel“ soll sécherstellen, datt d‘Exekutioun elo méi Human duerchgefouert ka ginn.

Beschëllegt en duebele Mord begaangen zu hunn, ass de Mark James Asay (53) um 18.22 Auer (Lokalzäit) am Staatsprisong vu Florida sengem Schëpfer zougefouert ginn.

Seng läscht Moolzecht hunn de Condamnéierte moies um 9.30 Auer zou sech geholl. „Hien hat sech Schwéngskotletten, frittéiert Ham, Fritten, eng Vanillsglace a eng Bécks Kola bestallt“, esou den Detail deen d‘Administratioun vum Prisong matgedeelt huet. Läscht Wieder soll de Mann net gehat hunn.

De Mark James Asey war veruerteelt gi fir de Mord um Robert Lee Booker an dem Robert McDowell. Eng Dot aus 1987, also viru gutt 30 Joer.

Zweiwelhaft Methoden

„Den Departement vun der Administratioun vun de Prisonge vu Florida respektéiert d‘Gesetz a setzt d‘Uerteel vum Geriicht ëm“ huet der AFP d‘Spriecherin Ashley Cook gesot. Si ënnersträicht dann och, dat dës Institutioun als Objektiv huet, sécher ze stellen, datt „Prozedur vun der déidlecher Injektioun human a wierdeg ass“.

Beschëllegt de Condamnéierten net genuch ze sedéieren, an doduerch onnéideg Qualen ze provozéieren, hat de „Midazolam“ eng gréisser Polemik an den USA ausgeléist. Bis dee „Problem“ konnt geléist ginn, sinn d‘Exekutioune mëttels juristesche Beschlëss ausgesat ginn.

Fir d‘Exekutioun vum Mark James Asay hunn d‘Autoritéiten den ëmstriddene „Midazolam“ duerch „Etomidate“ ersat. Den „Etomidate“ ass e Sedativum, dee bis elo nach ni an der Mëschung vun den dräi Substanzen, déi de Mënsch sollen ëmbréngen, agesat gi war.

Besser ass et net

Wat den Asaz vum neie Produit ugeet, esou ginn d‘Meenungen och hei ausenaner. Et ass erwisen, datt et oft schwéier ass dëse Sedativ – kommerzialiséiert ënnert dem Numm Amidate – unzewennen.

De Produit déi ganz schwéier Irritatiounen a Verbrennunge verursaache kann, wier net méi Human wéi de „Midazolam“, warnt de Jonathan Groner Groner, Chirurg a Professer op der Universitéit vun Ohio. De Chirurg, e Géigner vun der Doudesstrof, wéist dann och op d‘Eegenheete vum „Etomidate“ hin.

Etomidate „ass ee ganz spezifescht a geféierlecht Medikament wann et intravenös agesat gëtt, well et schwéier Blessure ka provozéiere wann net alles richteg gemaach gëtt“ esou den Dr. Groner. Zudeem „kann et fierchterlech wéi doen“ ënnersträicht hien, besonnesch wann d‘Odere vun der Persoun ugegraff sinn.

Den Hiersteller protestéiert

U sech ass et bekannt, datt déi Condamnéiert, déi am Doudestrakt op hir Exekutioun waarden, gesondheetlech ugeschloe sinn. Dat hänkt engersäits domadder zesummen, datt se al sinn an/oder eng Drogevergaangenheet hunn.

De Laboratoire Janssen (Grupp Johnson & Johnson), deen den Etomidate virun ee puer Joerzéngten entwéckelt huet, ass dann och net glécklech iwwert d‘Uwennung. De Laboratoire huet dann och formell géint den Asaz protestéiert.

„Mir sinn géint eng Uwennung vun eise Produkter an den déidlechen Injektiounen“ reagéiert nach en Dënschdeg de Spriecher Greg Panico an engem Entretien mat der Washington Post. „Janssen entdeckt an entwéckelt medezinesch Innovatioune fir liewen ze retten an ze verbesseren“ huet hien ënnerstrach.

Grondlag vum Uerteel

De Mark James Asay ass deen éischte Wäissen deen exekutéiert gëtt, well hien ee Schwaarzen a Florida ermuert huet. An 41 Joer sinn 92 Mënschen am Staat Florida exekutéiert ginn. D‘Doudesstrof war 1976 nees agefouert ginn.

Iert den Asay säin Affer, den Robert Lee Booker erschoss huet, hätt hien deen nach mat rassistesche Beleidegungen drangsaléiert. Säin anert Affer, de Robert McDowell, huet den Asay ëmbruecht, während deen als Fra ugedoe war a vum Mäerder kuerz virdru géint eng sexuell Déngschtleeschtung bezuelt gi war.

Déi läscht Exekutioun a Florida hat de 7. Januar 2016 stattfonnt. Deemools war den Oscar Ray Bolin higeriicht ginn. Fënnef Deeg duerno huet den ieweschte Geriichtshaff vun den USA de System vun der Doudesstrof a Fro gestallt. D‘Method wier Verfassungswiddereg, well se dem Riichter ze vill Muecht géintiwwer der ziviller Jury géif zougestoen.

Bis dohinner war Florida ee vun den eenzegen US-Staaten, wou d‘Jury net eestëmmeg fir d‘Doudesuerteel huet misse stëmmen. Am Mäerz 2017 huet de Gouverneur Rick Scott e Gesetz ënnerschriwwen, an deem d‘Eestëmmegkeet vun der Jury festgeluecht ass.

mam Leila Macor/AFP

Foto: Archivbild vun der Doudeskummer zu Huntsville (Texas). Um 3. Februar ass hei d‘Karla Faye Tucker duerch déi déidlech Injektioun higeriicht ginn (© Paul K.Buck/Texas Dept.of Corrections/AFP)

Related topics Doudesstrof, Etomidate, Janssen, Midazolam
Next post Previous post