Search

You may also like

Covid-19: Wéi gesäit et mat der Landwirtschaft aus?
International Neiegkeeten

Covid-19: Wéi gesäit et mat der Landwirtschaft aus?

Zesumme mat de 26 europäesche Landwirtschaftsministeren huet de Romain Schneider

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 1)
International Neiegkeeten

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 1)

En neien Ufank kann een ganz ënnerschiddlechst interpretéieren, dat weisen

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond
International Neiegkeeten

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond

Zesumme mat de Lëtzebuerger Museker vun De Läb well de

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt

De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, huet en Donneschdeg am Bezuch op déi gefuerdert Doudesstrof, déi dat saudescht Kinnekräich géint Mënscherechtsaktivisten uwenne wëll, seng Suerg zum Ausdrock bruecht. Kanada versicht mat Ryad „diplomatesch zesummenzeschaffen.

ONGen (Amnesty International, Human Rights Watch) hunn informéiert, datt de saudesche Parquet d‘Doudesstrof fir fënnef Mënscherechtsaktivisten, dorënner eng Fra, gefuerdert huet. Vun de Medie befrot, huet de Justin Trudeau bestätegt, datt Kanada „weiderhin op diplomateschem Niveau mat Saudiarabien kollaboréiert“. „Ech mengen datt et wichteg ass, datt mir Relatioune mat alle Länner op der Welt hunn“, esou de Premierminister no engem Seminaire vu senger Regierung zu Nanaimo.

„Mee mir hunn och eis Suerge géintiwwer der vum Kinnekräich ugekënnegter Doudesstrof zum Ausdrock bruecht, eis Besuergnes fir d‘Verdeedegung vun de Mënscherechter, an eise gemeinsame Wäerter op der ganzer Welt. (…) Mir wäerten eis och weiderhi mat aller Kraaft fir d‘Fräiheet an d‘Mënscherechter asetzen“, heescht et knapp zwou Wochen nodeems et zu enger diplomatescher „Kris“ komm ass, well Ottawa d‘Verhaftung vun de Mënscherechtsaktivisten denoncéiert huet.

Wien de Pëtrol huet, brauch keng Mënscherechter

Laut Amnesty International an Human Rights Watch, huet de saudesche Parquet d‘Doudesstrof géint fënnef Aktiviste gefuerdert. Mat derbäi d‘Israa al-Ghomgham, deem de Virworf gemaach gëtt, Manifestatiounen, déi sech géint d‘Regierung gewannt hunn, dokumentéiert ze hunn. Falls de Riichter dem Requisitoire vum Parquet nokënnt, kéint d‘Israa al-Ghomgham déi éischte Fra sinn, déi a Saudiarabien ëmbruecht gëtt, well si sech aktiv fir Mënscherechter agesat huet.

All Versuch vun de saudeschen Autoritéiten eng Stellungnam oder Erklärung zu dësem Dossier ze erhalen ass bis ewell onbeäntwert bliwwen. Zur diplomatescher „Kris“ tëscht Ryad an Ottawa ass et komm, nodeem déi kanadesch Ambassade Ufank August, an engem Tweet gefuerdert huet, déi verhafte Mënscherechtsaktivisten „direkt fräizeloossen“. Dat huet der Elite a Saudiarabien net gefall an esou ass kuerzerhand de kanadeschen Ambassadeur expulséiert ginn.

Eng Moossnam déi éischter Symbolesch ass, firwat nach eng ganz Rei Mesure geholl goufen, mat deenen de Kanadier verständlech gemaach gëtt, datt „ee sech net anzemëschen huet“. Esou huet d‘Kinnekräich d‘Handelsbezéiunge mat Kanada „op Äis geluecht“. Och déi saudesch Studenten a Kanada hunn den Uerder vu Ryad erhalen, d‘Land bis Enn August ze verloossen. Eng Ausnam gëtt et fir d‘Medezinsstudenten, déi hunn e Sursis bis den 22. September erhalen.

mat AFP

Related topics Doudesstrof, Justin Trudeau, Kanada, Mënscherechter, Saudiarabien
Next post Previous post