Search

You may also like

Den Oprëschtungswahnsinn vun der Regierung muss gestoppt ginn!
Neiegkeeten

Den Oprëschtungswahnsinn vun der Regierung muss gestoppt ginn!

D’Majoritéit wäert héchstwahrscheinlech un dësem Donneschdeg, den 23. Juli, iwwert

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn
Neiegkeeten

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer

surprise
Impfen oder kënnegen… Brittesch Roulette?
Neiegkeeten

Impfen oder kënnegen… Brittesch Roulette?

Op der Insel huet et Waasser am Gas, an och

Wéi d‘Schoulen d‘Ouschtervakanz antizipéieren

Schüler, Enseignanten a sonstegt Schoulpersonal sollen sech verstäerkt selwer testen

Wéi d‘Schoulen d‘Ouschtervakanz antizipéieren

Zanter de leschter Woch hätt et sougenannt Schnelltester, déi ee selwer – no enger kuerzer Aleedung – benotze kann, an déi engem bannent kierzester Zäit uweisen, ob ee positiv ass. Wéini de Bierger op dës Tester zougräife kann, an ob d‘Resultat vum Test muss „unerkannt“ ginn, bleift ze klären.

Well een awer elo decidéiert ass net onvirbereet an d‘Ouschtervakanz ze goen, a jo ab dem 7. Abrëll och nees den Horesca-Secteur, wuel nach ënner Aschränkungen, soll seng Aktivitéiten ophuelen, hu se sech am Educatiounsministère, zesumme mat de Kollegen aus dem Gesondheetsministère an de Fachleit vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut (LIH) eng afale gelooss. Folgendes ass virgesinn:

An der Gemeng Déifferdeng soll an alle Schoulen en „allgemenge“ Covid19-Test duerchgefouert ginn. Zu Diddeleng, Esch-Uelzecht, der Stad Lëtzebuerg solle jeeweils an enger Primärschoul, zu Réiden an Esch-Uelzecht jeeweils an engem Lycée, Selbsttester agesat ginn. Ronn 4.000 Individue ginn an dësem Projet erfaasst. Firwat dat ganzt? Et ass déi zouhuelend Verbreedung vun de Covid19 Varianten ënnert de Kanner, déi den Autoritéite Kappzerbrieches bereet an no Aktioune verlaangt.

Schonn ee Freideg hat den LIH annoncéiert, datt elo – no engem Joer – och d‘Kanner sollen an déi sougenannt „PrediCovid“ Etüd sollen agebonne ginn. Dat mécht duerchaus Sënn, ëmmerhin ass et dat erkläerten Zil vun dëser Etüd, d‘Risikofacteuren ze ermëttelen, déi fir d‘Intensitéit vum Krankheetsverlaf verantwortlech sinn. Firwat esou laang gewaart gouf d‘Kanner anzebezéien?

D‘Argument vum LIH ass dënn, mee et schéngt keen anert virräteg. Esou heescht dann alt nees, datt d‘Krankheetsverleef bei de Kanner éischter asymptomatesch sinn an och ee liichte verlaf hätten. Elo huet een dann awer festgestallt, datt och bei Kanner ëmmer méi schwéier Verleef huet, Tendenz steigend. Et sollen dann 100 Kanner bis 17 Joer an dës „PrediCovid“ Etüd agebonne ginn. Wéi si ausgewielt ginn, ob d‘Kanner oder hir Elteren sech melle mussen, dozou huet et keng Informatioun.

Mat eleng ronn 400 Infektiounsfäll (tëscht dem 15. a 27. Mäerz) am Schoulberäich, huet et awer ee gudde Grond sech eppes Gedanken ze maachen. Nodeems dann och vu Luerenzweiler a Munneref nees Fäll gemellt goufen, véier Klasse vum Aline Mayrisch (Stad) a Quarantaine mussen (dat laut Educatiounsministère reng preventiv) bleiwen d‘Erausfuerderunge bestoen. Klengt net berouegend.

Illustratioun: No der Ouschtervakanz, esou déi optimistesch Ausso, sollen d‘Selbtsttester am ganze Land zum Asaz kommen. D‘Begeeschterung bei den Enseignanten hält sech a Grenzen, d‘Eltere bekloen net genuch Informatioun ze erhalen an d‘Schüler „maache wat hinne gesot gëtt“. © Helen Melo / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Educatiounsministère, Impfstrategie, LIH, Selbsttester, Teststrategie
Next post Previous post