Search

You may also like

Wéi d‘EU hir „Wäerter“ nei definéiert
International Neiegkeeten

Wéi d‘EU hir „Wäerter“ nei definéiert

Wärend sech iwwert den Handelsaccord mat de Brite gefreet, op

Du bass en Näischt, wanns de brong Aen hues!
International Neiegkeeten

Du bass en Näischt, wanns de brong Aen hues!

„Schumms du dech net brong Aen ze hunn? Du bass

D’Squatfabrik a seng „Safe Spaces“ – Get Out um 26. Februar
International Neiegkeeten

D’Squatfabrik a seng „Safe Spaces“ – Get Out um 26. Februar

D’Kënschtler vum Kollektiv cooperationsArt rocken ënnert dem Numm „Squatfabrik“ zënter

Amerika an Trauer nom Dout vum Barbara Bush

Amerika an Trauer nom Dout vum Barbara Bush

Si war d‘Fra vun engem US-President an d‘Mamm vun engem aneren. Bei de Bierger vun Amerika war si wéinst hirer direkter Aart beléift. Elo ass d‘Barbara Bush zu Houston, Texas, am Alter vun 92 Joer verstuerwen.

D‘Noriicht vum Dout vun der fréierer „First Lady“ hat de Büro vun hirem Mann, George Bush un d‘Medie weiderginn. D’Barbara Bush hat sech, esou d‘Informatioun vum Jim McGrath, Spriecher vum fréieren US-President, no enger Rei Openthalter am Spidol entscheet, keng weider medezinesch Behandlung méi an Usproch ze huelen.

Zum gesondheetlechen Zoustand hat et keng Detailer ginn, mee et war gewosst, datt d‘Barbara Bush säit Joerzéngte wéinst der Autoimmunkrankheet Morbus Basedow behandelt ginn ass. Am Joer 2009 huet si missen um Häerz operéiert ginn

Ni e Blat virun de Mond geholl

D‘Barbara Bush war d‘Häerz an de Mëttelpunkt vun der Politikerdynastie, a beim Vollek ganz beléift. Si war bekannt fir hir Schlagfäerdegkeet an direkt Aart a Weis.

Als Duechter vun engem schwéier räichen Zeitungsbesëtzer aus enger Klengstad am Bundesstaat New York, huet d‘Barbara hire Mann am Alter vu 16 Joer bei enger Danzveranstaltung kënne geléiert. Kuerzt iert den George Bush als Pilot an den zweete Weltkrich gezunn ass, hunn sech déi zwee fiancéiert.

Bestuet goufen si dann am leschte Krichsjoer 1945, nodeems den George Bush iwwert dem Pazifik ofgeschoss an heem geschéckt gi war. Hire Studien um renomméierte Smith College am Staat Massachusetts huet si ofgebrach, an sech duerno voll a ganz de Famill zougewant, wou si och vill Kraaft fir déi politesch Ziler vun hirem Mann opbruecht huet.

Eng engagéiert Persoun

Wéi hire Mann 1988 als President vun den USA gewielt ginn ass, huet si op de Glamour vun enger Jacky Kennedy verzicht. Si huet och hir Hoer, déi fréizäiteg Wäiss gi waren, bewosst ni gefierft. Mee d‘Barbara Bush huet sech mat Häerz fir sozial Projeten agesat.

Si war engagéiert am Kampf géint den AIDS, an huet sech fir Mënschen ouni Dach iwwert dem Kapp agesat. An engem Spidol fir Kriibspatienten huet si net gezéckt eng Hand mat unzepaken, an huet sech och déi ëm déi gekëmmert déi um Stierwe waren. Als „first lady“ huet sich och dofir staark gemaach, Erwuessene liesen a schreiwe bäizebréngen.

D‘Barbara Bush hat sechs Kanner op d‘Welt bruecht, wouvunner eent am Alter vun dräi Joer u Leukemie verstuerwen ass. Hiren eelsten, den George W. Bush, war 2001 President vun Amerika ginn.

mat AFP

Foto: D‘Barbara Bush (hei en Archivbild aus dem Mäerz 2012) ass am Alter vun 92 Joer verstuerwen. Si war eng sozial engagéiert Persoun. © Tom Pennington/Getty Images/AFP

Related topics Barbara Bush, USA
Next post Previous post