„Merci, Guy!“

déi Lénk Stad bedauert zudéifst dee vill ze fréien Doud vun hirem Member a fréiere Vertrieder am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, dem Guy W. Stoos.

Mat senge bëssege Karikaturen huet de Guy déi flagrant Mëssstänn an eiser Gesellschaft portraitéiert, géint d’Dommheet, d’Ausbeutung an d’Diskriminéierung gekämpft an deene Mächtegen de Spigel virun d’Nues gehalen. Sengem enormen Talent stoung dem Guy seng Bescheidenheet géintiwwer.

Guy, mir soen der Merci – du bleifs eis ëmmer an Erënnerung als en immens léiwen an humorvolle Mënsch a Komerod!

Mir soen dem Guy senger Famill eis déift Bäileed!

Dernières nouvelles