Search

You may also like

Doud vum Jean-Paul Belmondo… eng Hommage
Neiegkeeten

Doud vum Jean-Paul Belmondo… eng Hommage

De franséische Schauspiller Jean-Paul Belmondo ass e Méindeg, de 6.

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet
Neiegkeeten

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet

Et ass en Trappewitz vun der Geschicht an et sollt

Däitschland: De Faschisten de Geldkrunn zoudréinen
Neiegkeeten

Däitschland: De Faschisten de Geldkrunn zoudréinen

D‘Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe muss sech op en Neits mat engem

Sécherheet an allen Éieren, mee mat Mooss

Endlech ginn d‘Grenzen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland nees op, dat awer wann ech gelift ouni weider Aschränkungen a Grenzkontrollen

Sécherheet an allen Éieren, mee mat Mooss

Bal 35 Joer no der Ënnerzeechnung vum Schengen-Ofkommes huet Däitschland seng Grenze mat Lëtzebuerg nees zougemaach an nees Grenzkontrollen agefouert. Déi däitsch Regierung, a besonnesch den Inneministère hunn dës sougenannt Sécherheetsmoossnam mat der Covid19-Pandemie a där domadder verbonnener sanitärer Kris begrënnt.

Gläichzäiteg sinn awer d‘Grenze mat anere Länner, wéi beispillsweis d‘Belsch oder Holland op bliwwen. Dat ass net verständlech (¹).

De Bundesinneminister Horst Seehofer beabsichtegt elo d‘Grenzen zäitno nees opzemaachen, mee et solle weider punktuell Grenzkontrollen duerchgefouert ginn. Dës Ëffnung ënner Virbehalt schränkt zu eisem Bedauere weiderhin dat grenziwwerschreidend Zesummeliewen an d‘Erfollegsgeschicht vum Austausch un Aarbechtskräften an der Groussregioun an.

Mir sollten esou séier wéi méiglech zum europäesche Gedanken, zur Fräiheet an zur däitsch-lëtzebuergesche Frëndschaft zeréckkommen. Als iwwerzeegten Europäer hoffe mir, datt déi däitsch Regierung, iwwert déi ugekënnegt Ëffnung eraus, och d‘Grenzkontrollen nees astellt an esou de Fuerderunge vun der Lëtzebuerger Regierung an zuelräiche Grenzgemengen nokënnt.

Et gëtt Zäit, datt de Geescht vun Europa nees vun eis alle gelieft ka ginn an datt d‘Bierger vun der Groussregioun, ënnert de virgeschriwwene sanitäre Regelen, an den grenziwwerschreidenden Alldag zeréckfanne kënnen.

Matgedeelt vun der DP, Sektioun Osten, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser.

Foto: © Bundespolizei (BPol)

(¹) Dat gouf esou beschloss, well een op d‘Wueren aus den Häfe vun Antwerpen a Rotterdam ugewise war.

Related topics Coronavirus, Covid19, Däitschland, DP Sektioun Osten, Europa, Grenzen, Grenzkontrollen, Schengener Ofkommes
Next post Previous post