Search

You may also like

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…
Kultur Neiegkeeten

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…

Zanter dem leschte Mëttwoch sinn 14 nei an 11 al

dislike
Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?
Kultur Neiegkeeten

Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?

Am volle politesche Chaos, bereet sech den italienesche President, Sergio

dislike
Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt
Kultur Neiegkeeten

Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt

Déi westlech Sahara, fréier spuenesch Kolonie, gëtt zum groussen Deel

Demokratescht Prosten op een neit Joer!

Demokratescht Prosten op een neit Joer!

Och d’DP huet et sech net entgoe gelooss, fir zesumme mat hire Wieler op d’Joer 2019 unzestoussen. Aus dësem Grond huet déi Demokratesch Partei e Mëttwoch Owend an de Melusina a Clausen invitéiert fir ee gemitterlechen Owend ze verbréngen.

Och wien kee Fan vun dëser Partei an hire Memberen ass muss zouginn, datt Bettel & Co sech immens beméie fir Charisma a Frëndlechkeet beim Vollek auszedrécken. Sou hat eise Premierminister, de Xavier Bettel scho moies am Stater Geschichtsmusée jiddwerengem d’Hand ginn an fir dat neit Joer gewënscht. Majo och a Clausen hunn d’Familljen- an Integratiounsministesch, d’Madamm Corinne Cahen an den DP-Generalsekretär, den Här Claude Lamberty an der Entrée vum Melu jiddwerengem eenzel d’Hand ginn.

Et huet een hinnen ugemierkt, datt si sech extrem op dësen Owend gefreet hunn. Pünktlech um 19:00 Auer ass et dunn lass gaange mat de Rieden. Natierlech waren déi dominant Themen och hei déi kommend Sozial- an Europawahlen. Dobäi hunn souwuel den Här Bettel, wéi och d’Madamm Cahen an den Här Lamberty hire groussen Optrag bei dëse Walen ënnerstrach.

D’Demokratesch Partei gleeft un d’Wäerter an d’Zieler vun Europa. Aus dësem Grond gesinn si sech an der Flicht d’Europäesch Unioun weider ze bréngen an fir den Erhalt ze kämpfen. Dobäi ass eise Premierminister och op d’Virdeeler vun Europa agaangen. Hie preziséiert awer och, datt een net an d’Fal dierf goen, datt een National besser fonctionnéiert, wéi wa ganz Europa zesummen hält.

DP

(v.l.n.r.) DP-Generalsekretär, de Claude Lamberty; d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen; de Prmeierminister Xavier Bettel © Shari Pleimelding/moien.lu

„Ech war nach ni esou fréi am Melu“, mat esou Kommentaren huet de Xavier Bettel seng Ried ëmmer op een Neits opgelockert. An awer goufen et och déi seriéis Momenter, wou et ëm de Friddensprojet vun 1957 goung an den europäesche Geescht, den oprecht erhale muss ginn. Dobäi betount hien awer och, datt ee Lëtzebuerg als Natioun net vergiesse soll. „Et geet eis net schlecht“, fiert de Premier virun a geet op déi generell Situatioun am Grand-Duché an.

D’DP ënnersträicht hir Politik mat Siicht op d’Zukunft. Et sinn déi kommend Generatiounen, déi souwuel mat de Feeler, mee och den Errongenschafte vun haut musse liewen. Dofir wëllen si schonn elo dat Bescht aus eisem Land eraushuelen, fir eng besser Zukunft ze gestalten, an dat zesummen.

Natierlech dierf een un dëser Plaz déi vill Mercien net vergiessen. Ee generelle Merci goung u jiddwereen, den sech fir d’DP entscheet huet an domadder déi demokratesch Deputéiert ënnerstëtzt, déi nächst fënnef Joer d’Politik ze gestalten. Ee spezielle Merci huet de Premier awer der Madamm Cahen an dem Här Lamberty fir hir Aarbecht an hire Fläiss.

No den übleche Wierder zum neie Joer ass schlussendlech zesumme geprost ginn. Ee gesellegen Owend a grousser Ronn – de Melusina war gutt gefëllt – stoung jo schliisslech nach um Programm.

Related topics Claude Lamberty, Corinne Cahen, DP, Europawahlen 2019, Melusina, Neijoerschpatt, Sozialwahlen, Xavier Bettel
Next post Previous post