Search

You may also like

Amtsaféierung vum Joe Biden: „Alles just eng Show“
Neiegkeeten

Amtsaféierung vum Joe Biden: „Alles just eng Show“

Wann de Sënn an Zweck vun de Presidentschaftswalen an Amerika,

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“
Neiegkeeten

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“

Am Kader vun de Campagnen zur Sécherheet op eise Stroossen,

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!
Neiegkeeten

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!

Schonn an de leschten zwee Joren huet de Paul Galles

D’DP-Fraktioun féiert den Télétravail an

D’DP-Fraktioun féiert den Télétravail an

Duerch d‘Digitaliséierung vun eiser Aarbechtswelt wäerten an Zukunft ëmmer méi Leit wëllen op den Home-Office zeréckgräifen. Dofir begréisst d’DP, datt d’Regierung sech am Koalitiouns- an am Klimaplang engagéiert huet, fir den Télétravail weider ze fërderen an auszebauen.

Fir den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum leien d’Virdeeler vum Télétravail op der Hand: „Fir eis ass den Ausbau vum Télétravail net nëmmen eng Mesure, fir d’Famill an de Beruff nach besser ënnert een Hutt ze kréien, mä et ass doriwwer eraus eng ëmweltpolitesch Moossnam, déi wäert fir manner Stroossentrafic a fir manner Ofgase suergen. Dofir hu mir decidéiert, fir eng Virreiderroll an deem Beräich z‘iwwerhuelen an eise Fraktiounsmataarbechter ee flexibelen Télétravail z’erméiglechen.“

Zu Lëtzebuerg gëtt den Télétravail ëmmer méi populär. Engem rezente STATEC-Rapport no, hunn 2018 scho bal 20% vun de Beschäftegten – op d‘mannst stonneweis – vum Télétravail profitéiert. Dat ass eng Verdräifachung bannent nëmmen 10 Joer.

Matgedeelt vun der DP-Fraktioun
Opmaacherfoto: © Bruno Cervera / Unsplash

Related topics Aarbecht, Demokratesch Partei, Digitaliséierung, DP, Homeoffice, Statec, Teletravail
Next post Previous post