Search

You may also like

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus an der Aarbechtswelt an am Beruffsliewen (Deel 3)
Meenung Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus an der Aarbechtswelt an am Beruffsliewen (Deel 3)

Wéi kann ee sech als Persoun mam Asperger Syndrom an der

Ukrain zum Konflikt ermontert?
Meenung Neiegkeeten

Ukrain zum Konflikt ermontert?

De Konflikt am Donbass (Ost-Ukrain) huet, datt ass bei Joreszäitewiessel

Britescht Parlament validéiert Brexit-Gesetz
Meenung Neiegkeeten

Britescht Parlament validéiert Brexit-Gesetz

Nodeems Ufank Januar am Ënnerhaus dem Brexit zougestëmmt huet dann

D’PARTEI: Zensur op Facebook an Opruff zur Demo

D’PARTEI: Zensur op Facebook an Opruff zur Demo

D’PARTEI ass op der social Media-Plattform Facebook gespaart ginn an äussert sech mat engem Schreiwes dozou. An engems ruffe si nach emol zur Géigendemo géint Maskeverweigerer a Qanon-Unhänger op:

Léif Press,

Et ass e ganz trauregen Dag fir d‘Demokratie. Facebook huet decidéiert d‘PARTEI-Säit an alleguerten d‘Administratore vun hirer Plattform ze spären. D‘Begrennung läit ons bis dato net fir allerdéngs gi mir dovunner aus dass de rassisteschen Algorithmus alt nees net an der Lag war Lëtzebuergesch ze verstoen.

Scheinbar war den Ausléiser eng Veranstaltung zu enger Géigendemo géint Maskeverweigerer a Qanon-Unhänger, déi iwwregens Samschdes de 7.11 um 15:00 op der Place Guillaume II statt wäert fannen.

Domadder stellt Facebook sech ganz kloer zu der Säit vun de Schwurbler. Mir recommandéiere scho méi laang zu Alternative wei „Twitter“ oder „mastodon.lu“ ze gräifen. Op béide Säite si mir weider ze erreechen. Facebook wëll sech jo souwisou net un DSGVO/GDPR halen, sou mat ruffe mir op zu:

  • Ophale Facebook ze benotzen an zu Twitter oder mastodon.lu ze wiesselen
  • Op d‘Demo kommen de 7.11 um 15:00 op der Place Guillaume II

Matgedeelt vum Jeff Cigrand, Präsident vun der Partei d’PARTEI

Opmaacherbild: © Thought Catalog / Unsplash

Related topics Algorithmus, d'Partei, Demokratie, Facebook, Géigendemo, Maskeverweigerer, Qanon-Unhänger, Sozial Medien, Zensur
Next post Previous post