Search

You may also like

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz
Neiegkeeten

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg, 25. Februar 2017 an der Glacis-Kapell a virum

money
D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel
Neiegkeeten

D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet e Freideg säi Bulletin publizéiert,

Brasilianesch Regierung nei opgestallt
Neiegkeeten

Brasilianesch Regierung nei opgestallt

D‘Minister dréinen dem faschistesche President de Réck zou an ginn

D‘Pëll bleift trotz Niewewierkungen

D‘Pëll bleift trotz Niewewierkungen
D’Pëll ass a bleift eent vun de beléiftesten Verhütungsmethod zu Lëtzebuerg. Dobäi ass se net onproblematesch: Eng rezent Etude vum Karolina Institut aus Schweden huet eraus fonnt, datt d‘Pëll e staarken Afloss op d‘Liewensqualitéit vun de Fraen kann hunn. Allerdéngs gesäit d‘Ministerin fir Gesondheet, d‘Lydia Mutsch (LSAP) an där Hisiicht nach net vir, eppes beim Planning Familial ze änneren an d‘Pëll manner attraktiv fir d‘Fraen ze gestalten. Dat läit haaptsächlech dorunner, datt d‘Frae selwer déi sinn, déi d‘final Decisioun huelen, wéi eng Variant vu Contraceptioun se wëlle benotzen. Des Decisioun gëtt eréischt no enger medezinescher Ënnersichung getraff, wou op divers Risiken opmierksam gemaach gëtt. Domadder äntwert d‘Ministerin op eng Parlamentaresch Ufro vum Taina Bofferding, Députéiert vun der LSAP.

Contraceptioun net laangfristeg geduecht

Donieft ass och d‘Fro opgeworf ginn, firwat méi laangfristeg Mëttelen zur Contraceptioun net vun der Krankekeess rembourséiert géife ginn. D‘Ministesch erkläert, datt de Choix op déi beléiftste Mëttele gefall ass, wat de Remboursement ugeet. Domadder ass zum Beispill d‘Spiral net mat couvréiert.
D‘Ministerin ass allerdéngs och beméit, déi positiv Aspekter vun der aktueller Politik an d‘Liicht ze réckelen: Déi meescht Länner géifen d‘Contraceptioun nëmmen bis 20 Joer mat finanzéieren. Zu Lëtzebuerg ginn d‘Käschten mat bis zu 80% bis zum 25. Liewensalter vun der Krankekeess gedroen.
Dëst gesäit d‘Taina Bofferding allerdéngs kritesch: Schonn an hirer Frostellung bemierkt d‘Députéiert, datt laut Planning Familial 2015 méi wéi 60% vun de Schwangerschaftsofbréch hei am Land bei Frae iwwert 25 geschéien. An der Moyenne waren d‘Fraen an de leschten 6 Joer 27,5 Joer al beim Schwangerschaftsofbroch. Dëst a Kombinatioun mat der Tatsaach, datt 54% vun de Fraen haaptsächlech kuerzzäiteg Mëttelen zur Contraceptioun gebrauchen.
Related topics Contraceptioun, Lëtzebuerg
Next post Previous post