Search

You may also like

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen
Money Neiegkeeten

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen

Sechs Méint nodeems d‘USA d‘Nuklearofkommes mam Iran zerrappt hunn, huet

surprise
Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland
Money Neiegkeeten

Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland

Wat huet den Donald Trump der Welt scho Stéiss ginn,

Sultan rifft zum Boykott vu franséische Produkter op
Money Neiegkeeten

Sultan rifft zum Boykott vu franséische Produkter op

Well den Emmanuel Macron nom Mord um Geschichtsproff Samuel Paty,

money

D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch

D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch

Nodeems um Donneschdeg de Cours vum Pëtrol op der Bourse mat enger Hausse ofgeschloss huet, folgend enger Diminutioun vun den amerikanesche Stocken, hunn Experten d‘Hoffnung op d‘Ausbalancéiere vum Marché.

De Präis vum Barrel „light sweet crude“ (WTI), d‘amerikanesch Referenz fir de Brutt, huet ganzer 50 Cents op elo 47,83 Dollar um Kontrakt fir d‘Liwwerung am Juni, um Nymex (New York Mercantile Exchange) zougeluecht. „Nom Ofrutschen hate mer d‘Potential fir nees ze klammen“, sot de Kyle Cooper vun IAF Advisors.

Mëtt Abrëll hat de Brutt eng kräfteg Baisse iwwert Wochen verzeechent, wat derzou gefouert hat dat hien bis zu 14% um Wäert verléiere sollt. „Elo gesi mer Zeechen, datt d‘Stocken an Amerika erofginn“, erkläert den Mike Lynch vun Strategic an d’ Economic Research, d‘Ursaach vum Opschwong dee sech scho Mëttwochs ugedeit hat.

Während d‘Reserven nach viru Méint op Rekordniveau stoungen, sinn se säit fënnef Wochen réckleefeg, mellt och déi amerikanesch Energie Administratioun DoE. Net nëmmen dës Baisse vun 5,2 Millioune Barrel, mee wuel och de Réckgang vun de Bensinsstocken an aner distilléiert Produiten (Mazout an Diesel) ginn fir den erwaarten Opschwong an der Analyse berécksiichtegt.

Par contre, huet d‘Produktioun an Amerika weider zougeholl. Heifir gëtt d‘Dynamik vun der Extraktioun aus dem Schifer, déi weider zouhëlt, genannt. „Déi däitlech Baisse vun de Stocken, trotz der weiderer Hausse vun der amerikanescher Produktioun ergëtt eng spierbar Diminutioun vun der Offer op dem amerikanesche Maart. Anescht ausgedréckt, d‘Reduktioun vun der Produktioun déi an der OPEP virgeholl gi sinn kréien elo den erwaarten Impakt“, kommentéieren d‘Experten vun der Commerzbank an enger Note.

D‘OPEP (Organisatioun vun de pëtrolexportéierende Länner) huet sech mat eelef weidere Länner, dorënner Russland, zesummegedoe fir d‘Extraktioun vum Brutt während den éischte sechs Méint vun dësem Joer zeréck ze fueren an esou de Marché ze consolidéieren deen ënnert enger ze grousser Offer gelidden huet. „Am Hannergrond hutt der d‘Russland an d‘Saudi-Arabien, déi eng Verlängerung vun der Produktiounsbaisse bis 2018 virgesinn“, esou de Mike Lynch an engem wiedere Kommentar.

Um Sommet vun der OPEP, deen dëse 25.Mee zu Wien stattfënnt, wäert dann mat de Partner iwwert d‘Suite vum Accord debattéiert ginn. De Kartell huet och um Donneschdeg säi Rapport Mensuel publizéiert an deem vun der Nofro um Weltmaart riets ass, mee och eng Estimatioun vun der Produktioun an de Länner déi net Member vun der OPEP sinn abruecht.

Och wann dat d‘Perspektive schwächt, par Rapport zum leschte Mount, ass ze bemierken, datt déi läscht Evaluatioun virum Sommet vum 25.Mee d‘Argumenter fir eng Weiderféierung vun der Produktiounsbaisse ënnerstëtzt. Dat fir den Equiliber um Marché weider virun ze dreiwen“, huet den Tim Evans an enger Schlussnote matgedeelt.

Source: AFP

Related topics Bourse, Finanzen
Next post Previous post