D‘Police biet ëm Mathëllef

Um Dënschdeg (23. November) am Nomëtten, ass tëscht 14.30 a 16-00 Auer zu Beetebuerg an rue de la Ferme, op der Héicht vun engem Bistro, ee Gefier beschiedegt ginn. De Capot an déi ganz lénk Säit vum Auto, ass mat engem schaarfe Géigestand zerkraazt ginn.

Zeien déi dës Dot bemierkt hunn oder soss zweckdénglech Hiweiser zum genannte Sachverhalt maache kënnen, sollen sech w.e.g. mam Kommissariat Réiserbann (Tel 244 61 1000 oder eMail police.reiserbann@police.etat.lu) a Verbindung setzen.

Dernières nouvelles