Search

You may also like

Déi nei cityapp – VDL: E personaliséierbaren Outil fir den Alldag
Neiegkeeten

Déi nei cityapp – VDL: E personaliséierbaren Outil fir den Alldag

Mat neie Méiglechkeete fir den Notzer a villen nëtzlechen Eegenschaften

natur&ëmwelt: Iddien fir d’Zäit an Isolatioun
Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Iddien fir d’Zäit an Isolatioun

Esou lues ginn engem dach tatsächlech d’Iddien aus, wat een

Brexit: Briteschen Humor!
Neiegkeeten

Brexit: Briteschen Humor!

Et ass dem Donald Trump säi Favorit an hien huet

A leschter Instanz bezilt de Wiert d‘Rechnung

D‘Covid19-Pandemie huet sech mam Enn vum Etat de Kris net a Loft opgeléist, leider schéngt dat net verständlech ze sinn. D‘Police huet dann um Weekend alt nees missen duerchgräifen...

A leschter Instanz bezilt de Wiert d‘Rechnung

Wann ee bedenkt wien net alles un d‘Vernonft an de Respekt vun de Pandemie-Mesuren appelléiert huet, fält et engem schwéier Versteesdemech fir de Beholl vun e puer Wéinegen opzebréngen. Esou huet d‘Police och op dësem Weekend hir Ronnen uechtert d‘Land gedréint, fir all déi Bistroen dann zouzemaachen, déi mam Prinzip vun der sougenannter „Policestonn“ esou hir Problemer hunn.

Zu Schëffleng an zu Veianen hunn um Freideg zwee Etablissementer misse protokolléiert ginn, dat net eleng wëll sech net un d‘Auerzäit gehale gouf, mee och besonnesch, well an dësen Haiser d‘Clienten dat mam Sécherheetsofstand an der Maskeflicht nach net wierklech verënnerlecht hunn. Zu Schëffleng, esou de Verbatim vun der Police, hat nach net emol de Wiert d‘Mask ugedoen.

Um Samschdeg huet sech dat Ganzt nees widderholl an hei war et ee Bistro zu Beetebuerg, wou d‘Polizisten no Mëtternuecht Gäscht heemgeschéckt an de Wiert protokolléiert hunn. Et hat wéineg bruecht, datt d‘Clienten sech duerch d‘Säitendier heemlech verfuusse wollten. En änlecht Bild gouf et zu Diddeleng, wou d‘Leit um Comptoir stoungen an och de Wiert nees keng Mask unhat.

Op der Kockelscheier war der Police eng Party an engem Etablissement gemellt ginn a wéi dunn d‘Beamten op der Plaz waren, hu si eng honnert gutt gelaunte Mënschen ugetraff, vun deenen sech déi meescht net un d‘Reegele gehalen hunn. Wann et fir d‘Cliente verhältnesméisseg glëmpflech ausgaangen ass, esou dierften d‘Patrone vun den Etablissementer mat gréissere Problemer rechnen.

Et ass allerdéngs net eleng am Horesca-Secteur, wou d‘Police géint d‘Verstéiss vun de Covid19-Reegele muss virgoen. Esou huet de Fierschter vu Stroossen d‘Police geruff, well an der Nuecht vun ee Samschdeg op ee Sonndeg an enger geschützter Naturzon eng illegal Party gefeiert ginn ass. Wéi d‘Police op der Plaz war, huet si eng 20 Gefierer notéiert an och kuerz drop d‘Leit lokaliséiert.

Fir d‘Proprietäre vun den Autoe gouf et emol fir unzefänken, ee Protokoll vu 74 Euro wëll si hir Gefierer onerlaabt stationéiert hunn. Fir all 28 Partygecken huet et ee Protokoll vun 145 Euro ginn. Si sinn uschléissend heemgeschéckt ginn. D‘Police weist drop hin, dat ugesiichts dëse Faiten, si hir Kontrollen an der Woch wäert weiderféieren an och den nächste Weekend verstäerkt present ass.

Illustratioun: © Scott Warman / unsplash

Related topics Covid19 Gesetzer, HORESCA, Party, Police, Policestonn
Next post Previous post