Search

You may also like

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage
Neiegkeeten

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage

De virleiende Gesetzesentworf zur Reegelung vun de Stage, déi d’SchülerINNEN

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass ouni Buedem
Neiegkeeten

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass ouni Buedem

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen
Neiegkeeten

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen

Esouwuel dem US-President säin Haussender Fox-News wéi och CNN hu

D‘POST produzéiert elo Stroum

Beetebuerger POST-Verdeelerzentrum vun Enovos mat Solar-Panneauen ausstafféiert

D‘POST produzéiert elo Stroum

Wéi um Freideg den Energieminister Claude Turmes (déi gréng) am Schloreen an der Industriezon zu Beetebuerg ukomm ass, huet hien – sécher fir déi fiicht Stëmmung eppes ze hiewen – gemengt: „Et ass ee gudden Dag fir vun der Sonnenenergie ze profitéieren“.

Woubäi de Minister net ganz onrecht huet, well eigentlech ass all Dag e gudden Dag fir vun enger erneierbarer Energie ze profitéieren, och wa bei Reen et vun der Sonn eppes manner Rendement ka ginn. Et ass dann och kengem en Zacken aus der Kroun gesprongen, wéi dës schon impressionnant Solaranlag offiziell ageweit ginn ass. E Projet dee POST an Enovos zesummen ugaange sinn.

An dës Anlag ka sech weise loossen: d‘Produktiounscapacitéit vun dëser Anlag läit bei 674.000 KW/h. Dat entsprécht dem energetesche Besoin vu ronn 170 Menagen. An et dierft och eréischt den Ufank sinn, well de Staat huet eng Ausschreiwung fir d‘Installatioun an de Betrib vun Anlage mat enger Gesamtleeschtung vun 13,9 Mwp* lancéiert. Dat wier Stroum fir 3.400 Haushälter.

Bis 2030, esou de Wëlle vum Minister Claude Turmes, sollen all Joers 100 Mwp Leeschtung zousätzlech duerch esou oder ähnlech Projete produzéiert ginn. Hien deen am Mee „Är Energie fir eise Planéit“ gefuerdert huet, ass iwwerzeegt, datt Photovoltaikanlagen e grousse Beitrag zum Klimaschutz leeschte kënnen. Elo muss hien awer nach déi Privat Entreprisen iwwerzeegt kréien.

(* Mat Mwp ass de „Megawatt peak“ gemengt. Eng am Beräich vun der Photovoltaik gebräichlech, awer net normgerecht Bezeechnung fir déi elektresch Leeschtung (Watt) vu Solarzellen. Dës Eenheet déngt derzou, ënnerschiddlech Solarzellen a Solarmodulen ënner genormte Konditioune vergläichen ze kënnen.)

Related topics Beetebuerg, Claude Turmes, ENOVOS, Post, Solarenergie
Next post Previous post