Search

You may also like

Et geet dach! Mikroplastik-Verbuet schonn a fënnef Länner
International Neiegkeeten

Et geet dach! Mikroplastik-Verbuet schonn a fënnef Länner

Jo et kann een déi Diskussiounen iwwert de Plastik bal

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen
International Neiegkeeten

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen

E puer Deeg virun enger Debatt an der Chamber iwwert

Kommt a maacht mat bei der 12. Editioun vum „Südstroum Escher Kulturlaf“
International Neiegkeeten

Kommt a maacht mat bei der 12. Editioun vum „Südstroum Escher Kulturlaf“

Sport, gutt Stëmmung an eng zolidd Portioun Kultur: dëst sinn

Italienesche Mafiosi vernennt misogyne Sultan „Diktator“

De sougenannten #SofaGate amuséiert d‘Galerie a lenkt eppes vum covidianeschen Alldag of

Italienesche Mafiosi vernennt misogyne Sultan „Diktator“

Eng EU-Kommissiounspresidentin léisst sech virféieren, den EU-Rotspresident schéngt et genoss ze hunn – den tierkesche President souwisou – d‘Medien hunn och nees eppes wourunner ze knaen ass, an natierlech huet et wéi bei engem Äerdbiewen, och nei nodréiglech Zuckungen.

Als „galante Paltongszéier“ huet sech gëschter den italienesche Mafiaboss Regierungschef an den diplomatesche Konflikt tëscht der Unioun an dem osmanesche Räich der Tierkei abruecht an dem Ursula von der Leyen d‘Partie gehalen. Et ass jo bekannt, datt de Sultan Recep Tayyip Erdogan sech en Uz dorausser gemaach hat, just sengem männleche Gaascht e Stull unzebidden. D‘Tatta vu Bréissel huet dofir déi ganz Couch dierfe benotzen, an dat wier net manéierlech.

De Goldman-Sachs Manager, deen aus Grënn, den ament an Italien als Ministerpresident versicht eng Kris ze meeschteren, huet de presidentiellen Ëmgang mat der EU-Kommissiounspresidentin däitlech denoncéiert. Säit Statement: „Bei dësen – bezeechne mir si als dat wat se sinn: Diktatoren – mat deenen een sech awer ofschwätze muss, muss een ënnerschiddlech Visiounen a Meenungen oppen uspriechen“. E Bänker a Politiker deen eppes „oppen“ uschwätzt…

Natierlech war den Tierke scho bei der Opstellung vum Besuchsprotokoll bewosst, datt dëse Beholl géif Folgen hunn. Déi zu Ankara haten awer éischter mat enger Reaktioun vun den a Solidaritéit vereenten EU-Partner gerechent, wéi datt den italienesche Regierungschef géif ufänke mat billen. Op dem Super Mario Draghi seng kuerz Interventioun huet den tierkeschen Ausseminister, Mevlüt Cavusoglu reagéiert an eng diplomatesch Äntwert zesummegeschoustert.

Op Twitter huet dem Sultan säi Schousshond dem italienesche Mafiosi säi Statement als „béis an ongehale Bemierkung“ verkläert. De Mevlüt Cavusoglu huet natierlech den Ambassadeur vun Italien abestallt. Den tierkeschen Ausseminister huet zudeem nach emol drop hiweise gelooss, datt déi Sëtzuerdnung, esou wéi se vum osmanesche Protokoll virgeholl gouf, de Fuerderunge vun der Europäescher Unioun entsprach huet. Et hätt een de Wënsch entsprach…

Sultan

A wann een ee schon derbäi ass Frëndlechkeeten auszetauschen… De Sultan Recep Tayyip Erdogan ass wuel genee dat wat een als Aarsch mat Oueren Gefor fir d‘Demokratie an de Fridden an der Regioun bezeechne kann, mee seng Copainen hunn a Geschicht opgepasst. Den Tourismusminister Numan Kurtulmus huet eppes Korrektur virgeholl a kloergestallt, datt d‘Tierkei ee Sultan a keen Diktator huet, dee si an eng groussaarteg ma bléiend Zukunft féiere wäert.

Hien huet weiderhi gemengt, datt wann d‘Italiener wéilten een Diktator gesinn, sollten si sech am Internet ënner „Mussolini“ schlau maachen. Gutt dee Mann war kee Gudden, mee ugesiichts dem armenesche Genozid, der Ënnerstëtzung vum IS (logistesch, rëschtungstechnesch a medizinesch) der Ënnerdréckung vun de Kurden an der géigewäerteger Islamiséierung, wuel kee vun den „echte Männer“ zu Ankara, deem senge Wierder Bedeitung muss gewäert ginn.

Sultan

Woubäi et sécher net verkéiert gewiescht wier, wann den italienesche Regierungschef einfach de Mond gehalen hätt. Zum engen ass net Italien (eleng) Beleidegt ginn, jo streng geholl net emol d‘EU, mee eenzeg eng Fra déi hiert Schicksal selwer an der Hand huet, oder zumindest sollt hunn. Datt sech och nach just en Italiener virun „das blonde deutsche Fräulein“ gehäit huet, ass esou gesinn éischter eng weider Blamage vir d‘Kommissiounspresidentin.

Zudeem ass domadder net een eenzege vun de Problem geléist, déi Tierkei aktuell mat der Unioun ënnerhält. An et wäert zu gudder lescht da wuel awer zur Erweiderung vun der Zollunioun kommen, esou wéi och d‘Visasflicht dierft opgehuewe ginn. Et gi weiderhinn Waffen a soss Rëschtung un den NATO-Partner geliwwert an natierlech Geld iwwerwisen… dat fir datt d‘Tierken d‘Flüchtlinge bei sech behalen. An Ankara huet bewisen datt d‘Fraen et net drop hunn…

mam Pia Venanzi, IM-roma

Illustratioun: Claudio Luiz Castro / unsplash

Related topics Charles Michel, Europäesch Unioun, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, Ursula von der Leyen
Next post Previous post