Search

You may also like

Attacken zu Wien: Message vun der Stad Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Attacken zu Wien: Message vun der Stad Lëtzebuerg

Mat engem Schreiwes riicht sech d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, am

#ForNature – T’ass Weltëmweltdag!
Kultur Neiegkeeten

#ForNature – T’ass Weltëmweltdag!

Et ass Zäit ze erwächen, ze handelen a sech fir

Eng nei Offer an der Maison de l’Orientation
Kultur Neiegkeeten

Eng nei Offer an der Maison de l’Orientation

Ab haut, dem 31. Mee ass den neien Orientéierungsraum vun

Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?

Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?

Zanter dem Mëttelalter gëtt d’Zäit vun den Äishellegen traditionell op den 11., 12. an 13. Mee geluecht. Fir d’Meteorologie ass et eng entscheedend Period – se soll zum leschte Fréijoersfräscht féieren, mee dëst gëtt duerch déi global Äerderwiermung a Fro gestallt.

„De Pankratius, Servatius a Bonifatius maachen zu dräi e klenge Wanter.“ D’Spréch iwwert déi dräi Äishelleg sinn zanter Generatiounen eng populär Virstellung. Dës dräi Helleg ginn dacks vu Baueren a Gäertner ervirgehuewen fir en Temperaturoffall ze antizipéieren. Dëse kann sech op déi ganz Saison auswierken.

Et ass e bëssen wéi Ugangs Abrëll 2021: No enger leschter Mäerzwoch sinn d’Temperaturen iwwert déi saisonal Norme geklommen, elo awer erëm gefall.

Der Legend no ass et dofir besser ze waarden, bis datt déi dräi Äishelleg passéiert sinn, ier ee mat der Gaardenaarbecht ufänkt, zemools wann et ëm d’Planze vun Tomaten an Gourgette geet. Den Traditionalisten no ass dëst eng Saach vu gesondem Mënscheverstand. Mee ass dëse Brauch nach eppes wäert? Zemools wann een sech d’Wiederopzeechnunge vun de leschte Joer ukuckt, déi duerch déi global Äerderwiermung gepräägt sinn?

Dräi Äishelleg
© Zoe Schaeffer / unsplash

An dëser Period gëtt et seele Frascht

De Klimawandel an Europa tendéiert elo dozou d’Bedeitung vun den dräi Äishellegen erofzespillen. Och wa wärend bestëmmten Zäiten – ëm den 11., 12. an 13. Mee – intensiv Keelt opgezeechent gouf, schéngt dëst Phenomen zu dëser Joreszäit méi seelen ze sinn.

Sinn de Pankratius, Servatius a Bonifatius also méi douce an hirem Charakter ginn? Dat besoen op jiddwer Fall Analysen, déi Météo-France tëscht 2006 an 2020 duerchgefouert hunn. Si weisen drop hin, datt de Frascht wärend der Zäit vun den dräi Äishellegen seele virkomm ass, mee datt de Risiko tatsächlech an der éischter Hallschent vum Mee besteet.

Mee sidd verséchert, och wann et an den nächsten Deeg zu Reen kënnt, wäert den Thermometer nuets awer net ënnert Null falen.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherbild: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Bonifatius, Dräi Äishelleg, Frascht, Fréijoer, Gärtner, klenge Wanter, Landiwrtschaft, Pankratius, Servatius
Next post Previous post