Search

You may also like

Twitter a Facebook trieden als Rivalen op
Meenung Neiegkeeten

Twitter a Facebook trieden als Rivalen op

Et ass en zimlech „hëtzegen“ Debat dee sech ronderëm déi

En Dënschdeg gëtt iwwert eng Gedenkminutt fir Covid19-Affer Debattéiert
Meenung Neiegkeeten

En Dënschdeg gëtt iwwert eng Gedenkminutt fir Covid19-Affer Debattéiert

D‘Petitiounskommissioun vun der Chamber huet den 18. Dezember 2020 d‘Ënnerschrëfte

Orientatioun am Fondamentale: Wann den Drock op d’Psychologen ze grouss gëtt
Meenung Neiegkeeten

Orientatioun am Fondamentale: Wann den Drock op d’Psychologen ze grouss gëtt

An engem Bréif vum 23. September 2019 huet den Educatiounsminister

Faillitte-Erklärung vun der Regierung: „Dräi Eechele“ ginn zougemaach!

Faillitte-Erklärung vun der Regierung: „Dräi Eechele“ ginn zougemaach!

Fir d’Sécherheet gëtt de Site “Dräi Eechelen” zougemaach, huet dem François Bausch säin Transport a Bauteministère elo decidéiert. Datt ass eng duebel Faillitte-Erklärung, well den nämmlechten Här Bausch jo och nach Arméi- a Policeminister ass an dowéinst all Fiedem an der Hand huet, fir esou Incivilitéite wéi op den “Dräi Eechelen” ze verhënneren.

700 kg illegal entsuergte Knascht den Dag an eng Kläpperei am Kader vu private Fester op deem Site, doen de Staat kapituléieren. Dat ass en Aarmutszeechen. Ausserdeem hätt een an där nämmlechter Logik och verschidde Stater Quartiere scho laang missten zoumaachen.

D’ADR fuerdert vun der Regierung, dat, wat och all Bierger vu senger Regierung däerf erwaarden. Dat ass, fir Uerdnung ze suergen an ze verhënneren, datt Leit, duerch onziviliséiert oder kriminellt Behuelen, d’normaalt Liewen hei am Land schwéier oder onméiglech maachen. Dat ass eng UrAufgab vun engem Staat, dee sech respektéiert. An dës ass net domat geléist, datt Plazen, wou de Staat dës Uerdnung net garantéiere kann oder wëll, einfach zougemaach ginn.

Et ass net, well dës Regierung fäert, hirer Police de längst iwwerfällege “Platzverweis” zur Hand ze ginn, datt ee soll ëffentlech Plazen aus dem ëffentleche Liewe verweisen. Well gestrooft gëtt domat jo just dee Bierger, dee sech korrekt verhält an och gär géing owes eng Kéier op den ‘’Dräi Eechelen” spadséiere goen.

Matgedeelt vun der ADR

Opmaacherbild © Zinneke (CC BY-SA 3.0)

Related topics Aarmutszeechen, adr, Beholl, Dräi Eechelen, François Bausch, Fuerderung, Kläppereien, Knascht, Police, privat Fester, Regierung
Next post Previous post