Search

You may also like

dislike
Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen
Neiegkeeten

Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen

En Dënschdeg huet den Donald Trump domatter gedréit, d‘US-Finanzhëllef fir

Eigentlech sollt et heeschen „Bleift verstänneg!“
Neiegkeeten

Eigentlech sollt et heeschen „Bleift verstänneg!“

Zanter enger gudder Woch elo, ass et och Krautmaart net

Kriibs: Preventioun a Kontrollen trotz Pandemie net vernoléissegen!
Neiegkeeten

Kriibs: Preventioun a Kontrollen trotz Pandemie net vernoléissegen!

Gëschter huet de Weltkriibsdag stattfonnt. Mat Bezuch op den offizielle

Barikkade fir d‘Dräi Eechelen

Net nëmmen datt géif géint d‘Gesetz verstouss ginn, et gëtt alles verknascht an zu Onwee bruecht

Barikkade fir d‘Dräi Eechelen

Nodeems schonn am Juli 2020, de Site vun den Dräi Eechele vun enger ganzer Band verschandelt gouf, huet de leschte Weekend d‘Police alt nees missen an- an duerchgräifen. Et gouf natierlech nees „gefeiert“ an d‘Schutzmoossname séier vergiess. Entgéint virechten Interventiounen, waren et ee Samschdeg awer richteg Rabbelkäpp, mat deenen et d‘Police ze dinn hatt.

Wann d‘Zankerten nach eppes Versteesdemech opbrénge kënnen, datt et do Gäscht huet déi wollten onerkannt an der Nuecht verschwannen, esou hält de Spaass op wann een aus purer Dommheet mat Fläschen op d‘Beamte lassgeet. Anersäits muss nees drop higewise ginn, datt och d‘Ëmweltbilanz net erquicklech ass: Dreck wéi no engem grouss Fräiliichtconcert, Fläsche wouhin d‘A blécken.

A well een sech zu de ganz gescheiten zielt, et wuel och schéngt de grousse Besoin ze hunn, sech der „ganzer Welt“ ze beweisen, veréiwegt een seng Heldendote mat engem Video an de sozialen Netzwierker. D‘Konsequenz vun dësem virbildleche Verhalen: an nächste Méindeg gëtt de Site elo reegelrecht verbarrikadéiert. Eng aner Moossnam schéngt net méiglech fir deem ze begéinen.

Laut dem Communiqué vum Bauteministère an dem Ministère fir bannenzeg Sécherheet, ginn no esou „Fester“ bis zu 500 Kilo Offall agesammelt. Dat allerdéngs mat groussem Opwand, well et gouf zwar d‘Zuel vun den Dreckskëschte verdräifacht, de Partygäscht awer erschéngen déi wuel suspekt ze sinn. Jiddefalls zéien si et vir, den Dreck do leien ze loosse wou e produzéiert gëtt.

Nieft dem Fait datt et generell verbueden ass, d‘Spärstonn weiderhi muss agehale ginn an et streng geholl och verbueden ass Alkohol an der Ëffentlechkeet ze konsuméieren, kann et séier geféierlech ginn. D‘Festungsmauere loossen sech am Soff oder ënner Drogenafloss liicht iwwerschätzen, an hei wier een Ofstuerz zumindest liewensgeféierlech. Et geet folgerichteg och ëm d‘Sécherheet.

Ab e Méindeg also ass ab owes 18 Auer de Site zou an dat op onbestëmmten Zäit. De Musée vun der Festung wéi de MUDAM, an och de Park bleiwen dagsiwwer accessibel. D‘Police wäert och weiderhin dem Site eng besonnesch Attentioun zoukomme loossen, esou d‘Autoritéite weider. Et dierf nach preziséiert ginn, datt dës Aktiounen och vu Jonken am Internet kritesch begleet gëtt.

Illustratioun: © Thr3 Eyes / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Dräi Eechelen, Illegal, Kierchbierg, Knascht, Party
Next post Previous post