Search

You may also like

Kee Waasser fir déi kalifornesch Landwirtschaft
Kultur Neiegkeeten

Kee Waasser fir déi kalifornesch Landwirtschaft

Wéi d‘Apokalyps ausgesäit, dat huet Hollywood a ville Fiktioune gewisen,

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers
Kultur Neiegkeeten

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers

Den US-President hat et déi Woch ugekënnegt: entweder Mexiko fënnt

Nom Tanktourismus… den Tubaktourismus
Kultur Neiegkeeten

Nom Tanktourismus… den Tubaktourismus

Wärend sech Energie- Finanz- an Aarbechtsminister drop ageschwuer hunn, de

T’ass Dräikinneksdag – Wie kritt d’Kroun?

T’ass Dräikinneksdag – Wie kritt d’Kroun?

Um haitegen Dräikinneksdag ginn net nëmmen d’Figure vun den dräi hellege Kinneken bei d’Krëppche gesat an domat hir Arrivée beim Chrëschtkëndchen gefeiert, mee och gespaant no der der klenger Figur am traditionellen Dräikinnekskuch gesicht. Wien si fënnt, dierf d’Kroun opsetzen an ass de Kinnek vum Dag.

Haaptsächlech besteet den Dräikinnekskuch aus Bliederdeeg a Mandelen. Dobäi stellt dës Leckerei eng Sonn duer, déi am kale Wanter e bësse Liicht an d’Haus brénge soll. Besonnesch Kanner si begeeschtert vun der gëllener Kroun an der Iwwerraschung am Banneschten.

Wat fréier eng Boun, respektiv eng Figur vun engem Hellege war, kann haut all Form unhuelen. Och d’Zoubereede vum Dräikinnekskuch ass guer net emol esou schwéier. Super Rezepter ginn et um Internet ze fannen, wouduerch net nëmmen d’Schneeken, mee och d’Baken zum Erliefnis ka ginn.

Déi Dräi, ëm déi et haut geet

Zu Lëtzebuerg gëtt um haitegen Dag virun allem gefeiert, datt déi dräi helleg Kinneken zu Betlehem an der Krëppchen beim Jesus ukomm sinn, fir him Kaddoen ze iwwerreechen. De sougenannten Dräikinneksdag gëtt och als Epiphanias oder Erscheinung vum Herrgott bezeechent.

Fir genee ze sinn, geet et awer ëm ganzer dräi Wonner: Nieft der bekanntster Legend soll de Christus um 6. Januar am Jordan gedeeft, a Waasser zu Wäin verwandelt gi sinn. Ma, dës verschidden Erzielungen sinn dorobber zeréckzeféieren, datt et fréier verschidde Forme vun der Liturgie gi sinn.

Am Virdergrond steet d’Éierung vun de Stärendeiter. Wéi si geheescht hunn, zu wéi vill se waren an ob si wierklech Kinneke waren, steet allerdéngs „an de Stären“. An der Bibel gëtt nämlech just vu Magier, Weisen an Astrologe geschwat. Ëm 185 n. Chr. Ass een dovunner ausgaangen, datt et sech ëm 3 Persounen handele muss, wëll 3 Kaddoen – Gold, Myrrhe a Wäirauch – gemaach goufen.

E Puer Joerhonnerte méi spéit krute si schliisslech d’Nimm Caspar, Melchior a Balthasar, déi fir 3 verschidden Alteren an déi deemoleg „3 Mënscherassen“ stoe sollten. De Caspar gëtt als Afrikaner duergestallt an huet d’Myrrhe bruecht, de Balthasar soll aus Asien stamen a Wäirauch bei sech gedroen hunn, wärend de Melchior aus Europa kënnt a Gold geschenkt huet. Haut sinn si d’Schutzpatroune vun de Reesenden, Pilger, Kaafleit a Wierten.

Reliquien am Kölner Dom

Leide mir net grad ënnert enger Pandemie, esou ass grad um 6. Januar e besonneschen de Kölner Dom gutt besicht. D’Gebeen vun den hellegen dräi Kinneken sollen am gëllenen Reliquiar leien. Dausende Mënsche pilgeren all Joer an déi jeck Stad, fir un der traditioneller Prëssessioun deelzehuelen an e Bléck op de Schräin ze werfen. An dësem Joer fanne Corona-bedéngt just d’Masse wéi gewinnt statt.

Opmaacherbild: © Steph Gray (CC BY-SA 2.0)

Related topics Balthasar, Bliederdeeg, Caspar, Dräikinneksdag, Dräikinnekskuch, Krëppchen, Melchior, Relioun, Traditioun
Next post Previous post