Search

You may also like

Editorial: Revanchismus ass keng Léisung
Neiegkeeten

Editorial: Revanchismus ass keng Léisung

Wann ee verstoe muss, datt déi spuenesch Regierung, no der

Kritt Italien elo säi Budget gestëmmt?
Neiegkeeten

Kritt Italien elo säi Budget gestëmmt?

Um haidege Samschdegowend sollen déi italienesch Deputéiert, der Regierung d‘Vertrauen

Frankräich: „Presséierte“ Client erschéisst „Relaxe“ Serveur…
Neiegkeeten

Frankräich: „Presséierte“ Client erschéisst „Relaxe“ Serveur…

Um Freidegowend géint 21 Auer, huet zu Noisy-le-Grand (Seine-Saint-Denis/Paräis) e

Fir d’Biodiversitéit: Interesséiert un der Dréchemauertechnik?

Fir d’Biodiversitéit: Interesséiert un der Dréchemauertechnik?

Am Kader vum europäeschen Interreg VA – Projekt „Dréchemaueren“ gëtt ee léierräiche Workshop fir all Interesséierten organiséiert. Esou léiert een d’Reegelen vun der Dréchemauerbaukonscht a kann dëst Wëssen direkt an der Praxis ausprobéieren.

An Zesummenaarbecht mat der Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt fënnt de Workshop vum 27. bis den 29. September zu Kanech am Naturschutzgebitt vun der Fondatioun statt. Dobäi gëtt eng schonn gebauten Dréchemauer restauréiert a reparéiert. Ausser Engagement kascht de Workshop näischt.

Fir all weider Informatiounen sou wéi d’Aschreiwung kënnt Dir Iech beim Yves Kail iwwert Telefon +352 29 04 04 319  oder iwwer Email j.yvesk@naturemwelt.lu mellen.

Dréchemauer

Eng Dréche-wat?

Eng Dréchemauer ass een Mauerwierk aus Natursteen, beim Bauen gëtt keen Bëtong, Sand oder Metall benotzt. Eng handwierklech gutt gebaute Mauer kann bis zu 100 Joer al ginn – oder nach méi.

Eigentlech gesinn dës pittoresk Maueren wéi Relikten aus enger anerer Zäit aus. Ma elo erliewen si een Comeback – a wat soll een soen, si hunn nawell vill Virdeeler. Dréchemaueren ginn hautdesdaags virun allem am Gaart, sou wéi an der Landwirtschaft ugewannt, well se wichteg Biotopen fir Planzen an Déieren bidden. An de klenge Fouen fënnt een dacks Eidechsen, Insekten, kleng Mais an anert Gedeiesch.

Et ass e wichtegt Zil fir den Naturschutz, Dréchemaueren an hirer traditioneller Ëmgéigend ze erhalen. Vun der Biodiversitéit profitéiert nawell jiddwereen.

Grond fir dës ënnerschiddlech Aartevillfalt an de Maueren ass, datt et an all Wénkel een anert Mikroklima gëtt – vun dréchen zu waarm, oder kill a fiicht. Dëse Liewensraum gëtt an der haiteger Zäit ëmmer méi wäertvoll, sou déngt en dach zur Stabilitéit vum biologesche Gläichgewiicht. Nach e positiven Effekt ass, datt de Reen sech net am Bëtong staut, e fléisst ganz normal of.

Den 28. November 2018 gouf den Dréchemauerbau op d’UNESCO-Lëscht vum immateriellen Kulturierwen vun der Mënschheet opgeholl. Weider Dréchemauerwierker befanne sech ënnert anerem a Kroatien, Griicheland, Italien, Spuenien, Frankräich, Éisträich, sou wéi an der Schwäiz.

Related topics Biodiversitéit, Dréchemauer, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, immaterielle Kulturierwen, Interreg Projet, Kanech, Matmaachen, Mikroklima, natur&ëmwelt, Naturschutz, Natursteen, Technik, Workshop
Next post Previous post