Search

You may also like

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister
Neiegkeeten

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister

Um Méindeg huet et zu London zolidd ramouert, an déi

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert
Neiegkeeten

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert

Beim leschten EU-Sommet vun dësem Joer, hunn sech d‘Staats- a

Den OGBL wëll d‘Zäitspuerkonten am Privatsecteur – elo!
Neiegkeeten

Den OGBL wëll d‘Zäitspuerkonten am Privatsecteur – elo!

Am neien AKTUELL vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL) geet de

D‘Dréchent dréckt eise Baueren op d‘Gemitt

D‘Dréchent dréckt eise Baueren op d‘Gemitt

Besonnesch eise Véiziichter an Mëllechbaueren deet d‘Dréchent ëmmer méi wéi. Et wiisst einfach net genuch: gebraucht gëtt Mais a Stréi, déi d‘Grondlag fir d‘Ernierung vun de Béischte sinn. Deem ginn nach Kären a Soja- oder Raps-Schrot bäigemëscht. Kënnen d‘Baueren dees net genuch selwer hierstellen, muss fir deiert Geld zoukaf ginn.

Dobäi ass de Problem elo och net wierklech nei. Zanter Jore schonn, gëtt et ëmmer méi schwéier, fir net ze soen onméiglech, de Bedarf u Stréi aus eegener Kraaft ofzedecken. Heivunner sinn dann och virrangeg d‘Mëllechbauere betraff. Et léich dann och net wéi kéint unhuelen, datt et net genuch Ubaufläch géif ginn. Déi hätt an de leschte Joren éischter zou wéi ofgeholl, esou de Bauereverband.

Nee den Ertrag gëtt all Joer manner, wëll mir net méi genuch Néierschlag hunn. An hei kënnt nach ee weider Problem derbäi: ass et ze laang dréchen, da dauert et eng ganz Zäitlaang bis de Reen nees asickere kann. Wéi e gesäit ass dat ganz ee Rateschwanz an eis Landwirt fänken un hirer Hänn kee Rot méi ze wëssen. Fir si ass de Klimawandel ganz reell a keen dommt Gebraddels vu Kanner.

BauerenDéi wieren éischter op der Richteger Spur, esou och ee Beamten aus dem Landwirtschaftsministère, dee bestätegt, datt net nëmmen déi verschidde Bauereverbänn, mee och all d‘Servicer beim Staat de Problem eescht huelen an d‘Suerge vun de Landwirt deelen. Et ass elo ze hoffen, datt den Hiecht eppes méi – awer net ze vill – Néierschlag mat sech bréngt, dat kéint nach eppes Gras wuessen.

Besser wier et jo wann d‘Mënschheet sech einfach emol de Fakte géif bewosst ginn an wann d‘Politik – déi jo un der Léngt vun Industrie a Wirtschaft gefouert gëtt – net Amstand ass endlech déi richteg Decisiounen ze huelen, villäicht ass et dann dat bescht einfach eppes anescht ze maachen. Esou jiddefalls kann een als Bauer d‘Enner net méi d‘Enner beienaner kréien.

Baueren

Jo-Anne McArthur / unsplash

Sécher, de Staat bitt eng Aart Versécherung, wa wéinst extreme Wiederkonditiounen de Baueren ee Schued entsteet. Mee de Landwirt brauch keng Versécherung, hie brauch normal Wiederkonditioune fir iwwer d‘Ronnen ze kommen. Dem Konsument schéngt dat dann esouwäit och zimmlech egal ze sinn. Nach sinn d‘Regaler mat alles wat ee brauch gefëllt an de Präis geet sech och nach op…

Illustratioun: Esou gréng sollt d‘Gras sinn, wann d‘Kou hire Bléck duerch d‘Gewan schweiwe léisst, mee dat gëtt vu Joer zu Joer ëmmer méi komplizéiert. An nëmme Fudder zoukafen ass aus wirtschaftleche Grënn net ziilféierend. © Angelina Litvin / unsplash

Related topics Baueren, Dréchent, Klimawandel, Néierschlag, Véiziichter
Next post Previous post