Search

You may also like

D’Wanteraktioun gëtt bis den 30. Juni 2021 verlängert
Neiegkeeten

D’Wanteraktioun gëtt bis den 30. Juni 2021 verlängert

Opgrond vun der aktueller Gesondheetssituatioun hunn de Ministère fir Famille,

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff
Neiegkeeten

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Säit Enn Mäerz 2020 konnt och zu Lëtzebuerg e grousst

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert
Neiegkeeten

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert

Datt de Familljeministère ënnert der Leedung vum Corinne Cahen net

D‘Regierung Informéiert

Restriktioune fir de Persouneverkéier vun Indien a Richtung Lëtzebuerg

D‘Regierung Informéiert

Bezunn op d‘Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV2 um internationalen Niveau, a méi prezis an Indien, huet d‘Regierung weider sanitär Mesure beschloss. Et heescht dat déi mutéiert Souche en héicht Kontaminatiounspotential huet, firwat d‘Bevëlkerung engem héijere Risk ausgesat ass.

Den Ausseministère, an de Gesondheetsministère hunn elo iwwert déi nei sanitär Moossnamen informéiert, déi zanter dem 1. Mee a bis de 15. Mee inclus a Kraaft sinn, dat fir all Deplacement vun Indien mat Destinatioun Lëtzebuerg. All Persoun déi sech 14 Deeg viru senger Arrivée zu Lëtzebuerg an Indien opgehalen huet, muss sech zäitno engem Covid19-Test ënnerzéien. (PCR, TMA oder LAMP). Wie mam Fliger ukënnt, kann den Test direkt um Fluchhafe maachen.

Bei der Entrée op den Territoire muss all Voyageur aus Indien direkt fir siwen Deeg a Quarantaine (den Test net vergiessen), an no de siwen Deeg dann nach emol e Covid19-Test maachen. Refuséiert een dat, datt gëtt d‘Quarantaine ëm 7 Deeg verlängert. Déi betraffen si gehalen sech bei der Gesondheetsinspektioun ze mellen, dat per Telefon oder Email, fir datt ee verstäerkten Tracing ka gemaach ginn. All weider Detailer gëtt et op de bekannten Internetsäiten an ënnert dësem Link.

Illustratioun: © Joel Mott / unsplash

Related topics Ausseministère, Covid19, Gesondheetsinspektioun, Gesondheetsministère, Indien, Restriktiounen
Next post Previous post