Search

You may also like

Autofestival: A mat wéi engem Gefier wëllt dir am Stau stoen?
Business International Neiegkeeten

Autofestival: A mat wéi engem Gefier wëllt dir am Stau stoen?

Den Autofestival huet hei am Land en héije Stellewäert, wat

Fangeren ewech vu Produkter déi Titandioxid TiO² enthalen
Business International Neiegkeeten

Fangeren ewech vu Produkter déi Titandioxid TiO² enthalen

Et ass eng Industrie déi enk mat de Konzerner aus

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet
Business International Neiegkeeten

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet

Am Joer 2010 huet d’World Associatioun for Sexual Health (WAS)

Firwat ass Bréissel eng Dréischeif vun der Faillite?

Wéinst fiktiven Entreprisen ouni Aktivitéiten, déi een eenzegen Zweck hunn: Bedruch!

Firwat ass Bréissel eng Dréischeif vun der Faillite?

Déi sougenannt „Phantom-Entreprisen“ gëtt et op der ganzer Welt, si sinn en integralen Deel vun de wirtschaftlecher Landschaft. Esou Betriber déi „schlofen“ sinn näischt Illegales. Si ginn allerdéngs gären an oft benotzt fir illegal Geschäfter, kriminell Aktivitéiten ze camoufléieren.

Meeschtens, esou erkläert et de President vum Bréisseler Handelsgeriicht Paul Dhaeyer, ginn dës Entreprise vu schlecht intentionéierte Persoune benotzt, fir ze fraudéieren a sech uschléissend als faillite ze erklären. Als Beispill huet de Paul Dhaeyer ee soziale Bedruchsfall genannt: „Ee Gerant beschäftegt eng gewëssen Unzuel un Aarbechter, mee bezilt ni d‘Sozialbeiträg/d‘Cotisatiounen. D‘Schold accumuléiert sech an iergendwann gëtt eng faillite deklaréiert“.

Wann d‘Schold selwer erhale bleift a schlussendlech vun der Solidargemeinschaft iwwerholl gëtt, esou hätt een et hei scho mat enger frauduléiser Faillite ze dinn, an dat dierft net weider higeholl ginn, esou de Jurist. An tatsächlech sinn dës fiktiv Entreprisen ee reegelrecht Kriibsgeschwier am Wirtschaftsëmfeld vun der belscher Haaptstad. Bei esou Boîtten mat fiktiven Adressen, huet et keng Uspriechpartner, keen deen ze erreeche wier, an et ass net gewosst wien derhannert stécht.

Ganz genee Zuele schéngt et och net ze ginn, woubäi ee realistesch dovunner ausgeet, datt et zu Bréissel tëscht 8.000 an 9.000 dëser „Phantomer“ huet. Déi belsch Haaptstad ass en ideelle Raum fir onséileg Geselle mat béisen Absichten. Déi hu virun enger Rei Joren erausfonnt, datt Bréissel ideal fir illegal Aktivitéiten ass. D‘Mass vun Dossieren ass schier erdréckend, sech do ze verstoppe wierklech ee Kannerspill. An esou si vill Geschäftssëtz an déi belsch Haaptstad verluecht ginn.

Stréimännercher…

Wichteg bei dëser Aart a Weis vu Bedruch ass et, méiglechst een Domme bei Hand ze hunn, deen am Fall vun de Fäll de Kapp duerhale muss. Entreprisen, wou den Zweck vun der Grënnung eng zäitno Faillite ass, kréien ee sougenannte Stréimännchen un d‘Spëtzt gesat, erkläert sengersäits de Presse-Magistrat vum Handelsgeriicht, Pierre-Yves de Harven. Dat ass wuel eng illegal Praxis an erlaabt et den „onéierlechen“ aus dem Hannergrond déi wirtschaftlech Fiedem ze spannen.

Haaptproblem fir d‘Justiz: dës „Fake-Geranten“ sinn net nëmme schwéier opzefannen, generell ass et esou, datt déi net solvabel sinn. Et gëtt deemno näischt ze huelen, déi geschiedegt kennen sech just nach de Fanger an de Mond stiechen. Eng vun de Methoden, déi sech an de leschte Joren zu Bréissel duerchgesat huet: „et gëtt sech ee Strummert gesicht dee gülteg Pabeieren huet, dësem ginn da 50 Euro an de Grapp gedréckt. Als Géigeleeschtung gëtt vun dem eng Ënnerschrëft verlaangt.

An dann huet et – de Mënsch ass esou -där Leit, déi de Begrëff „Stréimännchen“ als Beruff erkannt hunn. Den Handelsgeriicht komme vill droleg Gesellen zu Gesiicht, mee et huet een virun deem een den Hutt hiewe kann. Et handelt sech ëm eng Persoun vun ëm déi 80 Joer, déi sech als Comptabel presentéiert a Gerant vun 218 ënnerschiddlechen Entreprise war. 159 dovunner hu faillite gemaach. Wou hien drun ass? Net emol de Fils wëll dat wëssen, mee d‘Police an Dierwiechter siche weider.

…a grouss Botz

Féiert dat Bréisseler Handelsgeriicht elo ee verluerene Kampf? Eigentlech net, zumindest hunn sech zanter 2017 d‘Parameter (eppes) zu Gonschte vun der Justiz verännert. Et feelt nach ëmmer massiv u Personal, mee d‘Handelsgeriichter kënnen zumindest d‘Opléise vun esou Phantom-Entreprisen ausschwätzen. Et ass eng Prozedur déi wäitaus manner opwänneg wéi eng Faillite ass, an dës Entreprisen zügeg aus dem ekonomesche Kreeslaf erauszehuelen. An dat ass nach net alles…

Et gëtt zanter dem Hierscht 2019 wesentlech méi kontrolléiert. Beim Greffe, wou den Dossier zur Grënnung vun Entreprisen, d‘Modifikatioune vun de Gerancen an/oder dem Sëtz vum Betrib musse virgeluecht ginn, gëtt all Dokument mat Argusaen iwwerpréift. Et gëtt den Auswäis vun deene Leit iwwerpréift déi virstelleg ginn, och déi vun den „Demissionären“ an den „Nominéierten“. Et gëtt kontrolléiert ob all déi virgeluechten Dokumenter vum Verwaltungsrot gezeechent goufen.

Doriwwer eraus mussen Entreprisen, déi eng Adress uginn, entweder e Locatiounsvertrag oder en Proprietéitsnowäis virleeën. Dat war laang anescht an huet bosseg Anekdoten ervirbruecht. Mat de Kontrolle vun Haut, der Hoffnung weider Personal zougestanen ze kréien, sinn d‘Magistrate vum Handelsgeriicht nees eppes méi zouversiichtlech, de Kriminellen d‘Liewen eppes méi schwéier ze maachen. Elo wier et eng gutt Saach, wann dës Method an alle Bezierker kéint ugewannt ginn.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Jonathan Francisca / unsplash

Related topics Bedruch, Bréissel, Faillite, Handelsgeriicht, Phantom-Entreprisen
Next post Previous post