Search

You may also like

Dune, endlech och op eisen Ecranen
Business Money Neiegkeeten

Dune, endlech och op eisen Ecranen

Dëse Freideg, den 3. September 2021 war d’Weltpremière vun „Dune“

Video: Wéi den John Oliver d‘Coronapandemie gesäit
Business Money Neiegkeeten

Video: Wéi den John Oliver d‘Coronapandemie gesäit

De John Oliver ass en Englänner dee mat senger „Late

Den Déif hat der zolidd an d‘Sabbel kritt
Business Money Neiegkeeten

Den Déif hat der zolidd an d‘Sabbel kritt

Am Mee 2012 haten si eng Bijouterie zu Schëffleng iwwerfall,

money

Lëtzebuerg an d‘Relance vun der Wirtschaft

D‘Experte vun der Stëftung IDEA, der Denkfabrick vun der Handelskummer, verkënnegen den expansionisteschen Zyklus fir Aarbecht a Wuesstem

Lëtzebuerg an d‘Relance vun der Wirtschaft

Et heescht datt sech IDEA all Mount ganz intensiv mat der wirtschaftlecher Aktivitéit vum Land befaasst, en elo wou een den zweete Semester an Ugrëff geholl hätt, géif sech d‘Reprise däitlech ofzeechnen. D‘Ekonomiste vun IDEA baséieren heifir op eng 20 Indicateuren, woubäi si erënneren, datt et scho bescht Virzeechen am Mee an am Juni ginn huet.

Datt et esou gutt leeft, maachen d‘Experten um Fakt fest, datt déi sanitär Restriktiounen ofhuelen an déi staatlech Hëllefen nach ëmmer a ville Beräicher Uwennung fannen. Den Opschwong fënnt sech esou an alle Secteuren erëm. Si hunn sech dann och nach emol den Etüde vum STATEC an deene vun der EU-Kommissioun zougewannt fir zu enger méi differenzéierter Conclusioun ze kommen.

Huet de STATEC de BIP fir 2021 nach mat ronn 6% bewäert, esou ginn d‘Technokraten zu Bréissel vu 4,8% aus. Bei IDEA hunn d‘Ekonomisten déi ganz Zuele vu STATEC an EUCO nach emol an de Grapp geholl, nogerechent a sinn sech hirersäits sécher, datt d‘Reprise beim BIP 5,5% ausmécht. De Grond gëtt och genannt: d‘Finanzplaz Lëtzebuerg ass wesentlech méi resilient wéi anerer.

Wann ee weess wourëms et geet

Datt sech IDEA ëmmer schonn eppes vill op d‘Finanzplaz konzentréiert soll elo net zu Zweiwel un hiren Aussoe féieren. Woubäi et jo awer och Lobbyiste sinn, déi enger Demande entsprieche wëllen, wat dann zwangsméisseg net ganz de Realitéiten entsprieche kann. An si schéngen sech eng gréisser Expertise a Virologie zougeluecht ze hunn. D‘Reprise vun den Infektioune soll dann elo och an den zukünftegen Analyse berécksiichtegt ginn, déi jo am Hierscht nees bei 600 Eenheeten/Dag leie soll.

Hei soll wuel zum Ausdrock bruecht ginn, datt et nach d‘Méiglechkeet vu Réckschléi, woubäi et och ganz present Risike gëtt, déi ze berécksiichtege wieren. Esou de Volet Faillitten an d‘Inflatioun, déi d‘Kaarten nach eppes duerchenaner brénge kéinten. Gutt datt eis nach géifen Erausfuerderungen an d‘Haus stoen, ass, bezunn op de Constat datt d‘Pandemie nach net eriwwer ass, verständlech.

Dësen Erausfuerderung ze begéinen ass eng vun den IDEA-Missiounen, woubäi et ëm Virschléi an ebe Lobbyaarbecht gëtt. Wéi gesot hiren Dada ass d‘Finanzplaz, an vun dëser dierften d‘Experte gewuer gi sinn, datt déi Lëtzebuerger Menagen am Pandemiejoer 1,7 Milliarden Euro op d‘Säit geluecht hunn. Déi ginn hinnen elo awer elo nees duerch den Negativzëns vun de Banke gezoppt.

Bei IDEA geet een e Schratt méi wäit, a fuerdert ouni mat Wimper ze zucken, datt d‘Bierger hiert Erspuertes an den nationale Wirtschaftskreeslaf aspeise sollen. An Zäite wou Konzerner d‘Gonscht vun der Stonn notze fir „Restrukturatioune“ virzehuelen, de Standuert Lëtzebuerg opgrond eppes Mobilitéitsproblemer an der Logementskris un Attraktivitéit verléiert, ass et awer erfreelech, datt wéinstens d‘Wirtschaftsagitateure vun der Handelskummer hire Financieren nach gerecht ginn.

Illustratioun: © Stëftung IDEA / Handelskummer

Related topics Finanzplaz, Handelskummer, Prognosen, Relance, Reprise, Stëftung IDEA, Wirtschaft
Next post Previous post