Search

You may also like

Massaker op der Krim: 18 Doudeger an engem technesche Lycée
International Neiegkeeten

Massaker op der Krim: 18 Doudeger an engem technesche Lycée

E Schüler huet zu Kertch (Krim) e Mëttwoch am technesche

Äre Projet (m)am Naturpark 2021 – Sechs kreativ, innovativ an nohalteg Iddien hunn iwwerzeegt
International Neiegkeeten

Äre Projet (m)am Naturpark 2021 – Sechs kreativ, innovativ an nohalteg Iddien hunn iwwerzeegt

Wousst Dir schonn, datt onperfekt an ofgelafe Liewensmëttel nach iessbar

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ
International Neiegkeeten

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ

Datt d‘CSV an der Minettemetropol wuel net als stäerkste Partei

Spektakulären Abroch an Dresdener Schatzkummer

Spektakulären Abroch an Dresdener Schatzkummer

Um fréie Méindegmuere waren d‘Brigangen an dat „Grüne Gewölbe Dresden“ agebrach an hunn sech ënnert den Ae vun den Sécherheetsbeamte d‘Bijouen aus der Schatzkummer ugëeegent. Wat alles „verschwonnen“ ass muss nach gekläert ginn. Gewosst ass just, datt et sech ëm Géigestänn vun onschätzbarem Wäert handelt.

De Polizeipresident vun Dresden huet bestätegt, datt den Alarm vun de Sécherheetsbeamten um 4.59 Auer agaangen ass. D‘Brigange sollen e Gitter duerchtrennt hunn an uschléissend duerch eng Fënster an d‘Raimlechkeeten agedrongen. Do wieren d‘Täter zilorientéiert op eng Vitrine duergaangen an hätten dës zertrëmmert.

Schatzkummer

Juwelenzëmmer 1904 (Wikimedia / CC)

Bei de geklaute Wäertgéigestänn géif et sech ëm Bijouen handelen (Eng Brillantegarnitur an zwou Diamantegarnituren), esou d‘Generaldirektesch vun de staatleche Konschtsammlungen. Ob déi dräi Garniture vollstänneg geklaut goufe wier zur Stonn net gekläert, d‘Spuresécherung hätt alles fir d‘Enquête ofgespaart, mee et wiere méiglecherweis iwwer 100 Objete betraff.

Vun de Brigange gëtt et den Ament keng Spur. D‘Police geet vu mindestens zwee Täter aus. Op de Videoopname wieren zwee Abriecher ze erkennen, wat awer net ausschléisst, datt nach weider Komplizen un der Dot bedeelegt sinn. Geflücht wieren d‘Brigange mat engem Audi A6. Esou ee Gefier gouf spéider an engem ënnerierdesche Parking a Brand gestach.

Ob et sech dobäi ëm de Fluchtauto handelt muss d‘Enquête feststellen. Fir déi lokal Police ze ënnerstëtzen ass dann och d‘Bundespolizei an d‘Ermëttlungen agebonne ginn. Et géif elo och d‘Sécherheetskonzept vum Musée nach emol ënnert d‘Lupp geholl ginn. Eng Sonnerkommissioun mam Numm „Epaulette“ ass mat der Leedung beoptraagt ginn.

Bei der Pressekonferenz huet d‘Generaldirektesch vun de staatleche Konschtsammlungen erkläert, datt et schwéier bis onméiglech ass iwwert ee „Wäert“ ze schwätzen. Bei dëse Bijoue geet et manner ëm de Materialwäert, wéi ëm d‘Vollstännegkeet vun den Ensembelen. Well déi dann och international bekannt sinn, dierft et schwéier sinn se ze verkafen.

Schatzkummer

E puer vun de geklaute Bijouen © Polizei Dresden

Dat wäertvollst Ausstellungsstéck vum „Grünes Gewölbe“ ass de gringen Diamant. Dee war zu kengem Ament a Gefor, well hien aktuell am „Metropolitan Museum of Art“ zu New York ausgestallt gëtt. Den Inneminister vu Sachsen, Roland Wöller (CDU) huet den Déifstall als en Ugrëff op déi kulturell Identitéit vum Fräistaat bezeechent.

Laut der Versécherungsgesellschaft déi d‘Bijoue verséchert huet, ginn esou Konschtwierker net wéinst hirem historesche Wäert geklaut, mee opgrond der grousser Wäertkonzentratioun. Kleng Bijoue kënnen eng immens héich Valeur hunn. Wann esou Objeten zerluecht ginn, kënnen se bal onentdeckt an de Wirtschaftskreeslaf gelaangen.

mat indymedia/ber

Related topics Abroch, Bijouen, Déifstall, Dresden, Grünes Gewölbe, Schatzkummer
Next post Previous post