Chantier Route d’Esch / Kuelebierg – déi nächst Etapp
D’Stad Lëtzebuerg informéiert seng Bierger, wéi och d’Notzer vum ëffentlechen
D’Stad Lëtzebuerg informéiert seng Bierger, wéi och d’Notzer vum ëffentlechen
De Marc Goergen an de Sven Clement hunn, wéi et
Leschten Dënschdeg, ass op der Cour d‘Appell zu Lëtzebuerg, e
D‘USA hu sech fest virgeholl den Iran mam Réck widder d‘Mauer ze stellen, esou Onrouen am Land ervirzeruffen an dann e Regimewiessel erbäizeféieren. E Probat Mëttel: d‘Wirtschaft vum Land ënner Drock setzen.
Am Fall vum Iran geet et drëms d‘Akommes aus dem Pëtrol ze behënneren. Well et schwiereg ass Drock op e Land ze maachen, zu deem ee keng Bezéiungen ënnerhält an et den Ament och keen Uspriechpartner gëtt deen ee kéint Beleidegen, gëtt all deene mat Sanktioune gedreet, déi et géife woen sech weiderhin am Iran mat Pëtrol anzedecken. Ab dem 2. Mee si 5 Länner direkt betraff.
Dat ganzt kënnt net iwwerraschend. Am November 2018 hat d‘Trump-Administratioun Sanktioune géint déi Länner ugekënnegt déi sech mat Pëtrol aus dem Iran versuergen. Aacht Länner (China, Griicheland, Indien, Italien, Japan, Südkorea, Taiwan an Tierkei) haten sech deng „Derogatioun“ ugefrot, déi hinnen déi Zäit soll bidden sech en neie Fournisseur ze sichen. Déi Zäit ass ofgelaf…
Während d‘Griichen, d‘Italiener an Taiwanesen eng „alternativ“ Léisung fonnt hunn, sinn déi aner nach ëmmer am Geschäft mat Teheran. Si gesinn sech elo ab dem 2. Mee Sanktiounen ausgesat. De Mike Pompeo, US-Ausseminister, huet nach emol verdäitlecht, datt des Moossnamen zum Zweck hunn, der iranescher Regierung d‘Akommes aus dem Pëtrolsgeschäft ze entzéien.
Tatsächlech geet et dem Mike Pompeo ëm wiesentlech méi, wéi dem Iran d‘Moyenen ze entzéien déi zur Finanzéierung vun Terrorgruppen an der Destabiliséierung vum Noen Osten déngen. Datt erkläert sech um Fakt, datt d‘USA am Virfeld intensiv Gespréicher mat den Ueleg produzéierende Länner (haaptsächlech déi Vereenegt Emirater a Saudiarabien) hate fir den „Ausfall“ opzefänken.
Fir Saudiarabien – de reliéis begrënnten Äerzfeind vum Iran – ass den amerikanesche Virstouss eng fantastesch Nouvelle, an aus dem Kinnekräich ass dann och direkt d‘Informatioun komm, datt ee sech natierlech de Beméiunge vun der US-Aussepolitik unzeschléissen. Si versécheren sech fir eng Stabilitéit um Pëtrolsmaart staark ze maachen, a géifen sech elo mat de Fërderlänner ofstëmmen.
Aus China – dat sech géigewäerteg an engem „Handelskrich“ mat den USA befënnt – gëtt et déi erwaarte Reaktioun. Sanktioune géint den Iran si bis ewell ëmmer vu Peking zréckgewise ginn, an de Spriecher aus dem chineseschen Ausseministère, bestätegt, datt ee sech och dës Kéier net wäert vu Washington gängele loossen. D‘Zesummenaarbecht mam Iran net géint Gesetzer verstoussen.
Dat eenzegt wat den Donald Trump mat senger „Decisioun“ erreecht huet, ass datt d‘Pëtrolspräisser duerch de Plafong gi well d‘Mäert beonrouegt sinn.
mat indymedia/was/nyc