Search

You may also like

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro
Neiegkeeten

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro

Bei enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg um 11. Februar 2019 haten

(Nach) keng verschäerfte Covid19-Reegelen
Neiegkeeten

(Nach) keng verschäerfte Covid19-Reegelen

Et war ze erwaarden, datt nodeems de Xavier Bettel an

Prisongsstrof fir en Onschëllegen
Neiegkeeten

Prisongsstrof fir en Onschëllegen

D‘Urteel am Prozess géint de fréiere President vun der „Grande

Vu Brigangen, Drogendealer a duuschterege Gesellen

Vu Brigangen, Drogendealer a duuschterege Gesellen

Et war, et kann een net anescht soen, nees e mouvementéierte Weekend fir eis Zankerten, woubäi si et och léiwer hätte wann d‘Leit sech ze behuele wéissten. Mee de Mënsch ass wéi en nu emol ass an do ass et gutt datt eis Polizisten en waachsaamt A hunn. Hei en Ausschnëtt aus de leschten Deeg…

An de Weekend huet schonn um Donneschdeg ugefaangen. Esou war e Mann zu Dikrech op der Esplanad am spéiden Nomëtteg an eng Säitegaass gelackelt gi wou hie gebiede gouf säin Handy fir e kuerzt Telefonat zur Verfügung ze stellen. Dat wollt de Mann dann awer net an déi opdrénglech Persoun huet no Paltong gegraff a dru gerappt. Heibäi ass dem Mann säi Portmonni erausgefall.

De Brigang huet net laang gezéckt an hat sech op een Zoch de Portmonni ugëeegent an sech grad esou féx duerch d‘Bascht gemaach. De Verdächtegten ass vun donkeler Hautfaarf, huet schlecht Englesch a Franséisch, soll tëscht 20 an 30 Joer jonk an zirka 1,78 M grouss sinn. Hien huet mëttellaang krauseleg Hoer an e Baart. Hie war bei der Dot mat engem schwaarzen T-Shirt, enger donkeler Joggingsbox, al Schong vun der Mark Adidas bekleet. Bei sech hat de Mann eng schwaarz Posch mat rout/orangenen Akzenter fir ëmzehänken. Wien eppes zur Klärung vun dësem Fall ka bäidroen, soll sech w.e.g. mat der Police zu Dikrech (2448 0100 0) a Verbindung setzen.

Keen Alkohol am Verkéier, déi éischt…

Well et vum Procureur esou ugeuerdent gouf, hat et vum 6. op de 7. September tëscht 23 an 3 Auer zu Ettelbréck, Dikrech a Miedernach Alkoholkontrolle ginn. Insgesamt goufe 422 Automobilisten zum „blosen“ opgefuerdert. A 17 Fäll huet den Apparat „ausgeschloen“. An dréi Fäll huet missen e Protokoll erstallt ginn an dräi mol ass de Permis op der Plaz agezu ginn.

Eng Persoun déi net wollt um „Test“ deelhuelen huet sech kuerz virun der Kontroll entscheet eng aner Richtung anzeschloen. De Chauffeur dee, wéi sech sollt erausstellen, eng Damm war konnt kuerz drop zu Schieren bei der Frittebud dann awer nach kontrolléiert ginn. Hei huet d‘Police da misse feststellen datt si tatsächlech „ganz“ déif an d‘Glas gekuckt hat an och nach kee Permis hat.

Zu Capellen huet d‘Police an der Nuecht nach en anere Chauffeur ugehalen, dee laut Bericht nawell geféierlech ënnerwee war. Och hei war zolidd Alkohol am Spill. Et war es därmoosse vill, dat och hei de Führerschäin op der Plaz agezu gouf an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat ginn ass. A well den Auto och keng technesch Kontrollbescheinegung hat, ass d‘Gefier immobiliséiert ginn.

An der Akazie-Strooss zu Esch-Uelzecht gouf um hallwer sechs e Freideg de Moien d‘Police op en Auto opmierksam deen einfach matten an der Strooss stoung. Nach iert sech d‘Beamte wonnere konnten ass de Chauffer vun der Bäifuerersäit zréck op d‘Chaufferssäit gehéisst a lass gefuer. Déi zwee Beamte sinn dru bliwwen a hu séier festgestallt, datt de Pilot d‘Riicht net hale konnt, firwat deen emol ugehale gouf. Den Test war erwaardungsgeméiss Positiv an och hei ass e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat ginn.

Zimlech genee zur selwechter Zäit am Stater Garer-Quartier: hei ass en Automobilist opfälleg ginn, wéi hie vun der Garer-Plaz an d‘Garer Avenue ofbéie wollt, wat net erlaabt ass. Et war dem Mann offensichtlech och egal datt hien op de Busspur ënnerwee war an och zimlech Mëtteg béid Bunne beluecht huet, firwat hien eng Gefor fir den entgéintkommende Verkéier duergestallt huet. Och hie gouf ugehalen, positiv getest a krut direkt e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Keen Alkohol am Verkéier, déi zweet…

Vum Freideg op e Samschdeg hu sech op en Neits Mënschen ënner falsche Viraussetzungen hannert d‘Steier gesat. A schonn um véierel op Siwen ass eng Patrull op der N26 – tëscht Schumannseck a Wolz e Gefier mat Stabilitéitsproblemer opgefall. Test war iwwert d‘Mooss positiv: Führerschäin agezunn a Protokoll.

Problemer d‘Riicht ze halen hat och en Automobilist zu Esch dee kuerz virun 21 Auer de Police gemellt ginn ass. D‘Zankerten haten de Risikofreedege Pilot séier lokaliséiert an och deen duerft enger zolidd duerchootmen. Och dësen Test war iwwert d‘Mooss positiv: Führerschäin agezunn a Protokoll. Zu Esch huet et dann och net méi opgehalen… 2.30 Auer: gläich Prozedur… 3 Auer an nach am Kontext vun der Kontroll vun 2.30 Auer hunn d‘Beamten e weidert Gefier ugehalen. Do war de Pilot zwar net ënner Alkoholafloss, hat dofir awer keng „Lizenz“, also: Protokoll. Um 5 Auer dann nees en Automobilist deen d‘Spur net méi hale konnt… den Test war Positiv, de Permis erlosch an e Protokoll gouf zum selwechte Präis derbäi.

Koks an Heroin

Nach emol kuerz zréck op de Freideg. Do gouf der Police Moies e méiglechen „Dealer“ gemellt deen zu Ettelbréck no finanzkräftege Konsumente gesicht huet. D‘Beamten hunn sech op d‘Sich nom presuméierten Drogenhändler gemaach an sinn dësem an der Mëttegstonn an der Strooss vun der Landwirtschaftsschoul begéint. Si hunn de Borscht kontrolléiert an och geréng Mengen u Koks an Heroin bei him fonnt.

Esou eppes féiert direkt zu enger Perquisitioun an der Wunneng. Op senger Adress sinn d‘Beamten op eng Damm getraff déi „dréngend tatverdächteg ass“ och un de Geschäftsaktivitéiten, spréch Drogenhandel, bedeelegt ze sinn. Op der Adress vum „Dealer“ si weider Drogen, wéi och déi dozou gehéierend Utensilie séchergestallt ginn. Béid Persounen huet de Procureur festhuele gelooss an si goufen um Samschdegmueren dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Vitessekontroll

D‘Police deelt nach mat, datt et muer Dënschdeg den 10. September: moies zu Waarken an der Buerdenerstrooss, mëttes zu Rued-Syr an der Maacher-Strooss, an zu Rodange an der Garer Avenue zu Vitessekontrolle kënnt. Si dierften awer och soss am Land en A op de Verkéier halen.

Related topics Alkohol, Drogen Déifstall, Kontroll, Police
Next post Previous post