Search

You may also like

A fort sinn se erëm: BIRD muss seng elektresch Trottinetten ewechhuelen
International Neiegkeeten

A fort sinn se erëm: BIRD muss seng elektresch Trottinetten ewechhuelen

Nodeems d’Societéit BIRD ouni all noutwenneg Autorisatiounen seng elektresch Trottinetten

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an
International Neiegkeeten

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an

Wéi ee mat senger Vergaangenheet ëmgeet, seet vill iwwert een

Aktioun Öffentlechen Transport bitt en onzefriddestellenden Iwwerbléck
International Neiegkeeten

Aktioun Öffentlechen Transport bitt en onzefriddestellenden Iwwerbléck

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Vereenegung mam Numm Aktioun Öffentlechen

D‘Roll vu Russland a Syrien (Analys)

Wat den US-Réckzuch an d‘Invasioun vun den Tierke fir en geopoliteschen Impakt hunn

D‘Roll vu Russland a Syrien (Analys)

An engem Interview vun e Sonndeg, huet de russesche President sech zu Syrien geäussert an seng Siicht schéngt däitlech. „Wien sech illegal an engem Land ophält, misst sech séier op de Wee maachen“, esou de Vladimir Putin deen domatter d‘Amerikaner mengt an esou säi Beitrag zum politeschen Dissens leescht. Woubäi, wann e sech dat Ganzt méi genee ukuckt, et mécht Sënn…

Wann och villen eppes „entgaangen“ ass, et dierf een drun erënneren, datt Moskau den Alliéierte vum Baschar al-Assad – engem erkläerte Feind vun esouwuel der Tierkei wéi de westleche Muechten – ass, a sech entgéint den US-Truppen, déi russesch Zaldoten als „Gäscht“ am Land ophalen. Dat heescht eigentlech datt Russland den Ofzuch vun den US-Zaldote begréisse misst.

SyrienGanz esou einfach ass dat awer net. Russland besteet och op d‘Souveränitéit an d‘Integritéit vum syresche Staatsgebitt, an eng dauerhaft tierkesch Presenz wéi och d‘Usiidlung vu syreschen Araber, oder d‘Bewaffnung vun de syresche „Rebellen“, widdersprécht deem. Och aus geostrategescher Siicht huet d‘Presenz vun den Amerikaner, de Russen eigentlech méi genotzt wéi geschuet.

Net einfach Geopolitik ze verstoen

Fir Russland, dat seng militäresch Presenz éischter ronderëm Damaskus an am Süde vum Land affichéiert huet, waren d‘Amerikaner opgrond der komplizéierter Situatioun am syresch-tierkesche Grenzgebitt, esou eppes wéi eng „Sécherheet“ an zesumme mat hire kurdeschen Alliéierte war et jo och gelonge Stabilitéit hierzestellen. Den Islamesche Staat (IS) jiddefalls haten si ausgeschalt kritt.

Elo ass awer d‘Tierkei – zwar kee russeschen Alliéierten – mee e gudde „Client“. Ankara huet jo och den S400-Rakéitenofwiersystem kaf, wat nees d‘USA an d‘NATO-Partner net erfreet, an esou gesinn och dem staarke Mann aus Damaskus net esou wierklech gefalen dierft. Mam Ofzuch vun den US-Zaldoten, gëtt et fir Moskau elo komplizéiert weiderhin eng „neutral“ Roll anzehuelen.

SyrienDat huet domatter ze dinn, datt sech d‘Kurden déi lescht Nuecht mat Damaskus „gëeenegt“ kruten an de Baschar al-Assad seng Arméi zur Ënnerstëtzung an d‘Grenzgebitt beuerdert huet. E Konflikt tëscht der tierkescher Arméi, déi mat syresche „Rebellen“ agéiert an de syrescher Nationalarméi ass onvermeidlech. Dat dierft zu Moskau an zu Bréissel fir en zimlecht Kappzerbrieches suergen.

E Réckbléck imposéiert sech

Am Kontext vum syresche „Biergerkrich“ hat Moskau 2015 entscheet „anzegräifen“ a wéi déi russesch Loftwaff seng éischt Missiounen erfëllt huet, haten dem Baschar al-Assad seng Truppe massiv Gelännverloschter ze verquëssen. Vill West-Medie ware sengerzäit dovunner ausgaangen, datt sech de Regimm net un der Muecht hale kéint. Moskau huet de Muechtverloscht verhënnert.

De russeschen Asaz „ouni Récksiicht op Verloschter“ war kloer ziilféierend an elo, gutt véier Joer méi spéit, kontrolléiert de Baschar al-Assad nees zweedrëttel vu Syrien, dat anert Drëttel gëtt (nach) vun der kurdesch-arabescher Allianz SDF, déi vun der Kurdemiliz YPG geleet gëtt, kontrolléiert. Mam „Zesummeschloss“ vun dëser Allianz mat der syrescher Arméi, kënnt et zu Verännerungen.

SyrienVerännerung vu geopoliteschem a geostrategeschem Ausmooss. D‘Welt muss sech – an dat alles well den US-President net all Laten um Zonk huet – elo bewosst ginn, datt a Syrien ouni d‘Russen eng Konfliktléisung onméiglech ginn ass. Datt d‘Europäer hirem NATO-Partner elo keng Waffe méi wëlle verkafen an och méi wëlle liwweren, huet iwwregens keen Impakt op d‘Invasioun a Syrien.

Keng vireileg Schlëss zéien

Wann dem Donald Trump seng Géigner undéiten, datt hien de Russe Syrien iwwerlooss huet, esou kann een dat getréischt als Propaganda am US-Wahlkampf deiten, déi sech erhofft datt d‘Welt kee Gediechtnes huet. D‘Russe si sengerzäit a Syrien aktiv gi wéi d‘Lag „kritesch“ war an si hunn – egal aus wéi engem Bléckwénkel een et betruecht – hir Missioun ganz erfollegräich ausgefouert.

Mat dësen sech verännerenden Allianzen a sécherlech och wéinst dem interne Widderstand, dierft et fir den US-President komplizéiert ginn, säi „Réckzuch“ ze vollenden. Zudeem dierf een d‘Muecht vun den evangelesch-chrëschtleche „Stammwieler“, op déi den Donald Trump am Wahlkampf ugewisen ass, net ënnerschätzen. Déi gesinn an de Kurden ee „Bollwierk“ géint Moslemen…

SyrienWien dann nach mengt, datt den tierkeschen Ugrëffskrich fir Moskau onerwaart komm ass, läit voll dernieft. Zum enge kënnt en de Russe geleeën, zum anere sollt een dovunner ausgoen, datt Ankara déi ganz Operatioun mat Moskau zumindest „beroden“ huet. Hei dierft Moskau dem Sultan Grenze gesat hunn, well d‘Kurden elo quasi gezwonge sinn mam al-Assad en neit Syrien ze gestalten.

mat indymedia/mow/was/tlv/par

Illustratioun: Elif Ahmet

Related topics Kurdemiliz YPG, Russland, SDF, Syrien, Tierkei, Vladimir Putin
Next post Previous post