Search

You may also like

London geet d‘Reprise virsiichteg un
Neiegkeeten

London geet d‘Reprise virsiichteg un

No siwe Woche Confinement wier en te un der Zäit

Komplett entgeeschtert: Bolsonaro behaapt „E Reebësch kann net brennen!“
Neiegkeeten

Komplett entgeeschtert: Bolsonaro behaapt „E Reebësch kann net brennen!“

Den Amazonas brennt nach ëmmer. Just wëll mir aktuell mat

Wéini ass een eng vulnerabel Persoun?
Neiegkeeten

Wéini ass een eng vulnerabel Persoun?

Moien, Jang. Moien, Marie-Gabrielle. Et freet mech, dech erëm ze

Si leeën dem Dr. Ochs d‘Schléng ëm den Hals

Si leeën dem Dr. Ochs d‘Schléng ëm den Hals

Géint den Hausdokter vu Gonnereng erhieft de Kolléisch vun der Medezin zolidd Virwërf. Den Dr. Ochs hätt engersäits géint d‘Deontologie verstouss, an anersäits Lige verzaapt. De President vum Kolléisch vun der Medezin, Dr. Pit Buchler, huet dozou ee puer Erklärungen ofginn.

Esou heescht et, datt de Kolléisch hätt missen intervenéieren, dat nodeems Patiente vum Hausdokter sech beschwéiert hätten. Et géif awer och ëm eng Rei Aussoe goen, déi den Dr. Benoît Ochs an der Ëffentlechkeet gemaach huet. Dat wiere genuch Grënn gewiescht wier eng Instruktioun an d‘Wee ze leeden. Enstpriechend de Conclusiounen déi gezu goufen, muss sech d‘Disziplinarkommissioun elo dësem Dossier unhuelen.

Dat alles entsprécht der Missioun vum Kolléisch vun der Medezin an ass esou och vum Legislateur mat engem Gesetz reglementéiert ginn. Méi Konkret: de Kolléisch iwwerwaacht de Secteur, suergt dofir datt d‘Medeziner sech behuelen a keng Gefor fir de Patient duerstellen. Interessant hei: dës Disziplinarkommissioun funktionéiert wéi ee Geriicht. De Kolléisch iwwerhëlt hei d‘Roll vum Procureur an ee Riichter vum Bezierksgeriicht presidéiert de Prozess.

Wat huet et elo mat de Verstéiss op sech, déi dem Dr. Benoît Ochs virgeworf ginn? Zum engen ass do de Verstouss géint de sanitäre Protokoll, méi konkret de Fait datt den Dokter soll Medikamenter verschriwwen hunn, déi méi Schlechtes wéi Guddes am Covid19-Kontext maache géifen. Och dem Dokter seng Astellung géintiwwer de „Masken“ (si wiere méiglecherweis toxesch) huet beim Kolléisch wéineg Versteesdemech ervirgeruff.

Elo ass et awer esou, datt den Hausdokter weider un den ëmstriddene Medikamenter festhält a se weider asetzt. De Kolléisch hält hei fest, datt elo erwise wier, datt dës Medikamenter (et handelt sech heibäi ëm den Hydroxychloroquine an den Azithromycine) net géifen hëllefen. Datt hien dann och eng „gewëssen“ Astellung zur Impfung huet, ass eng weider Suerg vum Kolléisch. De 14. Juli gëtt d‘Uerteel gesprach, wierklech Spannung besteet awer keng.

Wat hei nach opfälleg ass, bezitt sech op d‘Plainte vu de Patienten. Datt et där huet, gouf bis ewell net am Raum gestanen. Bei der éischter Verhandlung leschte Mëttwoch, haten sech jiddefalls vill Sympathisanten um Parvis vum Geriicht zu Lëtzebuerg versammelt, fir dem Hausdokter d‘Partie ze halen. Gesicht ginn och nach ëmmer Mënschen déi duerch d‘Behandlung vum Dokter solle geschiedegt gi sinn. Et dierft keen einfache Prozess ginn.

Illustratioun: © Mari Lezhava / unsplash

Related topics Deontologie, Disziplinarkommissioun, Dr. Ochs Benoît, Dr. Pit Buchler, Kolléisch vun der Medezin
Next post Previous post