Search

You may also like

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali
International Neiegkeeten

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

Mir all kennen den exzentresche Kënschtler duerch seng schmëlzend Aueren,

Effikass handelen géint d’Präissexplosioun beim Logement
International Neiegkeeten

Effikass handelen géint d’Präissexplosioun beim Logement

Konfrontéiert mat der Krise am Logement, déi sech an der

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren
International Neiegkeeten

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum

D‘Schluecht ëm Tripolis

D‘Schluecht ëm Tripolis

Zanter Ufank Abrëll steet déi vum „Westen“ agesate Regierung vu Libyen ënner Beschoss. De Generol Chalifa Haftar hat seng Truppen op Tripolis lassgelooss. De Generol, deen d‘Muecht ustrieft, huet sech bis ewell weder vun den USA nach de Vereenten Natiounen ophale gelooss.

Tripolis

Säit gëschter schéngt Sech d‘offensiv géint de Regime vum Fayez al-Sarraj ze intensivéieren. Esou beriichten Aenzeie vu Rakéiten a schwéieren Explosiounen an de libescher Haaptstad. D‘Arméi hätt op eng Dron oder e Fliger beschoss, während Rakéiten op e Stëtzpunkt am südlechen Aussebezierk vun Tripolis néiergaange sinn. Nach ass et onkloer ob et schonn eng „richteg“ Offensiv ass…

Tripolis

Aus „Sécherheetsgrënn“ hunn d‘Autoritéiten deen eenzegen nach betribsbereete Fluchhafe vun der libescher Haaptstad zougemaach. Dëse war d‘Woch iwwer schonn emol vum Haftar sengen Truppe beschoss ginn. Dat allerdéngs ouni datt d‘Zaldoten den Androck gemaach hätten si wéilten den Fluchhafen anhuelen. Esou bleift d‘Lag an dësem nordafrikanesche Polverfaass oniwwersiichtlech.

Tripolis

Laut dem „Libya Observer“ soll de Generol Haftar, de radikale Salafist a „Warlord“ Abdul-Rahman Hashem opgefuerdert hunn sech him unzeschléissen. Déi brutaalst agéierend Brigad „Subul Salam“ gëtt beschëllegt „Mënschenhandel“ mat de Migranten aus Eritrea an Ethiopien ze dreiwen. Woubäi hei den Termini „Sklaverei“ wuel éischter ubruecht ass. Iwwert eng „Zouso“ ass näischt gewosst.

Zur gläicher Zäit sicht d‘OCHA, den humanitären Déngscht vun de Vereenten Natiounen no Geld. Fir genee ze sinn, no 10,2 Milliounen US-Dollar. Geld dat fir humanitär Hëllef benéidegt gëtt. Mee Tripolis ass keng Kathedral an d‘Mënschen a Libyen hu keng Lobby. Woubäi et Froen opwerft, wa gewosst ass, datt een bannent 24 Stonnen 1 Milliard Euro bereet hale kann, fir eng Ruin ze retten.

mat indymedia/cai/lon

Related topics Biergerkrich, Chalifa Haftar, Fayez al-Sarraj, Libyen, Tripolis
Next post Previous post