Search

You may also like

Laurel oder Yanny? Esouguer am Wäissen Haus wëssen se net, wat hei ze héieren ass!
Kultur Neiegkeeten

Laurel oder Yanny? Esouguer am Wäissen Haus wëssen se net, wat hei ze héieren ass!

Sidd dir éischter am Lager Laurel oder am Lager Yanny?

Washington: Schëss virum Kapitol
Kultur Neiegkeeten

Washington: Schëss virum Kapitol

Um Freideg ass an der US-Haaptstad ee Mann mat sengem

Sea-Watch: 3 Froen un un d’Bord-Schräinerin Insa
Kultur Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un un d’Bord-Schräinerin Insa

D’Insa ass Schräinerin u Bord vun der Sea-Watch 3. D’Noutsituatioun

Nei am Verlag Guy Binsfeld: D’Schmetten an d’Schmooen

Een neit Kannerbuch vum Axel Scheffler a Julia Donaldson

Nei am Verlag Guy Binsfeld: D’Schmetten an d’Schmooen

Dat neit Kannerbuch D’Schmetten an d’Schmooen erzielt vun enger verbuedener Léift op engem Planéit wäit ewech. D’Babett gehéiert zum Vollek vun de Schmetten, de Jo zu deem vun de Schmooen.

Déi eng si rout, déi aner blo, an all Kand léiert vu klengem un, dass een net mat deenen anere spille soll. Mee d’Babett an de Jo halen sech net un d’Reegele vun hire Grousselteren. A wéi dat an de grousse Libesgeschichten esou ass, maachen si sech heemlech dervun…a fléie fort an de Weltall.

D’Famille vun deenen zwee sichen iwwerall no der jonker Koppel an esou entseet eng spannend a lëschteg Geschicht, déi d’Akutalitéit vun eiser Zäit op eng flott a sensibel Aart a Weis reflektéiert.

Déi nei Kannergeschicht vum Bestseller-Duo aus England kënnt dësen Hierscht a 17 Sproochen eraus. Den Axel Scheffler huet wéi gewinnt déi faarweräich Illustratioune gezeechent an den original engleschen Text, deen d’Martine Schoellen an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen huet, staam vum Julia Donaldson.

D’Buch D’Schmetten an d’Schmooen ass, wéi d’Dedicace vun den Auteure Scheffler an Donaldson et scho seet, ee Buch „fir all d’Kanner an Europa.“

D'Schmetten an d'Schmooen

© Martine de Lagardère/moien.lu

Weider Detailer zum Kannerbuch

Um 27. September 2019 ass D’Schmetten an d’Schmooen erauskomm. D’Wierk huet 32 Säiten, kascht 14,50 € an ass gebonnen. ISBN: 978-99959-42-53-3

Zu den Auteuren

D’Julia Donaldson ass 1948 zu London gebuer an huet op der University of Bristol Literaturwëssenschaft a Franséisch studéiert. Spéider huet hatt als Lektorin, Journalistin a Léierin geschafft, ass elo Schrëftstellerin a wunnt zu Glasgow. D’Julia Donaldson huet eng ganz Rei Kannerbicher geschriwwen, ënnert anerem och De Grüffelo, säin éischte groussen internationale Succès.

Den Axel Scheffler gouf 1957 zu Hamburg gebuer. Do huet hien och Konschtgeschicht studéiert, éier hien an der Bath Academy of Art am englesche Corsham Grafik geléiert huet. Zënter 1986 lieft den Axel Scheffler zu London. Seng Illustratioune vum Grüffelo hunn hien international berühmt gemaach.

D’Martine Schoellen ass 1965 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. No der Première am Dikrecher Kolléisch huet hatt Germanistik an Anglistik op der Universität des Saarlandes studéiert. D’Martine Schoellen ass Däitschproff. Bei den Éditions Guy Binsfeld huet hatt schon de Grüffelo, Dem Grüffelo säi Kand, Zog an Den Zog an d’Dokteren aus der Loft vum Julia Donaldson an Axel Scheffler aus dem Engleschen an d’Lëtzebuergescht iwwersat.

Related topics Axel Scheffler, D'Schmetten an d'Schmooen, Editions Guy Binsfeld, Julia Donaldson, Kannerbuch, Literatur, Martine Schoellen
Next post Previous post