Search

You may also like

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: Appell fir matzedanzen!
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: Appell fir matzedanzen!

Fir déi 5. Editioun vum Lëtzebuerger Danzpräis invitéiert de Kulturministère

Polverfaass Südamerika
Meenung Neiegkeeten

Polverfaass Südamerika

Et ass dee gréisste Protest säit laangen: zu Honnertdausende sinn

LSAP: Eng kohärent Politik fir Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

LSAP: Eng kohärent Politik fir Lëtzebuerg

D‘parlamentaresch Rentrée ass fir d‘LSAP mam Hibléck op déi läscht

D’Sécherheet vun de Bierger huet hire Präis

SNPPL kritiséiert Syvicol-Aussoen iwwert de Käschtepunkt vun de CGDIS-Servicer

D’Sécherheet vun de Bierger huet hire Präis

Knapp e Joer nodeems mir op de Balcone stoungen an duerch Applaus eis Solidaritéit mat deene Leit, déi hir Aarbecht ënnert schwierege Konditioune maache mussen, ausgedréckt hunn, schéngt vun dëser Solidaritéit an dem Wëllen essentiell Servicer verstäerkt ze sécheren, net méi vill iwwreg ze bleiwen. Dësen Androck kann een op alle Fall gewanne wann een d’Reaktioune vun de Syvicol-Vertrieder op de „Plan national d’organisation des secours“ (PNOS) héiert.

Wann déi politesch Responsabel sech d’Fro stellen, ob dann an Zukunft wierklech souvill neit Personal misst agestallt ginn, da steet dat am krasse Widdersproch mam Aarbechtsalldag vun eise Kolleegen.

Dëst gëllt fir eis administrativ an technesch Kolleegen, déi an de leschten dräi Joer eng komplett nei Infrastruktur fir e Betrib mat alles an allem bal 4.500 Memberen opgestallt hunn, an déi haut niewent hirem „Daily Business“ och nach déi administrativ Prise en Charge an den Impfzenteren assuréieren. Hei sinn Iwwerstonnen iwwert déi nächst Méint virprogramméiert.

Dat gëllt genau sou fir eis operationell Kolleegen, bei deenen et en akute Personalmangel gëtt an deenen hir Aarbecht duerch d’Pandemie och net méi einfach ginn ass.

Kee Rettungsdéngscht ouni fräiwëlleg Pompjeeën

D’Zesummenaarbecht tëschent de berufflechen an de fräiwëllege Kolleegen, huet sech an de leschte Jore kontinuéierlech an déi richteg Richtung beweegt an hei kann een effektiv vun enger Win-Win-Situatioun schwätzen.

Den Appui vun den Beruffspompjeeën erlaabt an Zukunft de fräiwëllege Kolleegen an Zukunft hirer Leidenschaft mat manner Drock no ze goen. An enger Aarbechtswelt déi ëmmer méi Flexibilitéit an Disponibilitéit fuerdert, ass dëst e wichtege Facteur an der Ënnerstëtzung vum Volontariat. E Lëtzebuerger Rettungsdéngscht ouni fräiwëlleg Pompjeeën ass och fir eis ondenkbar.

10% fir 15 Minutten

De PNOS presentéiert:

  • Eng mëttelfristeg Zilsetzung: D’Rettungsdéngschter sollen bannent 15 Minutten all Plaz am ganze Lëtzebuerger Land erreechen;
  • Eng Strategie fir dohinze kommen: E Gerüst vu Beruffspompjeeën, an e weideren Opbau vum Volontariat;
  • Eng éierlech Aschätzung vun de Käschten déi dëst bedéngt: eng Hausse vun 10% iwwert déi nächst 5 Joergekuckt

Et ass sécher en ambitiéise Projet, deen d’Inneministesch Taina Bofferding an déi Responsabel vum CGDIS hei virleeën. Den SNPPL ënnerstëtzt hiren Engagement de Rettungsdéngscht hei zu Lëtzebuerg konsequent ze stäerken, an an d’Sécherheet vun all eenzelen ze investéieren.

Wann dëst Investissement an d’Sécherheet vun de Bierger elo verschiddene Leit ze deier ass, sollen se hire Wieler dat riicht eraus soen. Den SNPPL rifft déi betraffen op alle Fall dozou op, hir Verantwortung ze iwwerhuelen an elo net beim Personal spueren ze wëllen.

Matgedeelt vum Comité vum SNPPL

Illustratioun: Besonnesch am ländleche Raum ass et imminent wichteg sech op séier Hëllef verloossen ze kënnen, mee och am urbane Raum sinn d‘Aufgabe vun de Pompjeeë villfälteg © CGDIS

Related topics CGDIS, Fräiwëllegendéngscht, Inneministère, SNPPL, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post