Search

You may also like

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?

Et ass eng knapp Majoritéit déi der däitscher CDU-Politikerin zum

Et briechen nei Zäite bei der LSAP un
Kultur Neiegkeeten

Et briechen nei Zäite bei der LSAP un

Den Alex Bodry wiesselt an de Staatsrot, de Franz Fayot

USA halen Aarteschutz fir iwwerbewäert
Kultur Neiegkeeten

USA halen Aarteschutz fir iwwerbewäert

Wat sech d‘US-Regierung dobäi geduecht huet, wéi si déi ëmstridden

D’Stad lieft

... den Animatiounsprogramm ronderëm d'Haaptstad

D’Stad lieft

Tëscht dem 18. Juni an dem 12. September fënnt en ofwiesslungsräichen Animatiounsprogramm an eiser Haaptstad statt. Dëse Programm ersetzt traditionell Veranstaltungen, wéi de Blues’n Jazz Rallye oder d’Schueberfouer, déi opgrond vun der sanitärer Gesondheetskris net organiséiert kënne ginn.

An Aklang mat de sanitäre Sécherheetsmoossname gëtt de Visiteuren e villfältege Programm ugebueden. D’Veranstaltungen déi (mëttel)kleng sinn, ginn duerch déi ganz Haaptstad verdeelt, esou kritt de Stadzentrum, de Garer Quartier sou wéi verschidde Bezierker vun der Stad neit Liewen agehaucht – an dat ouni ze vill Leit op e Koup ze bréngen. Nieft den ënnerschiddleche Veranstaltungen ass natierlech och Kiermes am Duerf, Kanner an Erwuessener fannen an de Quartieren Attraktioune fir Grouss a Kleng.

Op der Kinnekswiss wäert sech eng Kiermes wéi fréier fannen – mat 20 historeschen Attraktioune vun 1886 bis 1960. Zäitgenëssesch Akrobate loossen d’Visiteuren nach méi an dës Welt andauchen.

Wien Loscht op Musek huet, ass am Mansfelder Gaart op där richteger Plaz. Hannert der Kuliss vum ale Schlass ass e Programm vun aktueller a klassescher Musek geplangt. Eng Plazopdeelung suergt dofir, datt 150 Leit sech op d’Concerten aloosse kënnen.

De Parking um Glacis verwandelt sech an dëser Zäit an e risegen Open-Air Kinossall. Duerch déi grouss Ecranen ass e legendäert Gefill virprogramméiert. Um Glacis kritt Dir et erméiglecht Filmer gemittlech vum Auto oder enger Lounge (bis zu 4 Leit) aus ze gesinn an aktuell Filmer sou wéi Klassiker nei ze entdecken, ma och Musek an d’Kiermes wäerten hier Plaz op de Glacis fannen.

D’Stad lieft net nëmmen, si liest och. Et gëtt eng Open-Air Bibliothéik am Bannenhaff vun der Nationalbibliothéik installéiert. Liesbegeeschtert sou wéi all anere gëtt dozou agelueden, sech ënnert dem riisege Bam néierzeloossen an e Buch ze liesen. Ze dreemen an ze genéissen. Selbstverständlech sinn och Bicher fir Kanner ënnert den Offeren.

Gi mir op d’Plage?

Eng 360m² Sandkëscht mat gemittleche Still a Sonneprabbelie suergt op der Theaterplaz fir e bësse Strandfeeling. Eng Petanque-Plaz, Dekoratioun, Girlanden, Fändelen an ënnerschiddlech Planze wäerte sécherlech Grouss a Kleng begeeschteren. Fir d’Offer ze vervollstännege, gi Chalete fir d’Gastronomie installéiert.

Am Kader vun der Campagne “D’Stad lieft” notzt d’Stad Lëtzebuerg d’Geleeënheet fir déi 26. Ausgab vun der Tourismusfërderungscampagne “Summer in the City” virzestellen, déi an Zesummenaarbecht mam Luxembourg City Tourist Office entstanen ass. Dës vereent Aktivitéiten déi a kommunalen Ariichtungen ugebuede ginn, mee och solch déi vun ëffentlechen a private Kultur- an Tourismusakteuren initiéiert ginn.

Nationalfeierdag steet virun der Dier …

Well déi traditionell Feierlechkeeten ëm den Nationalfeierdag net stattfanne kënnen, huet Stad Lëtzebuerg e leckere Menü aus lëtzebuergesche Spezialitéiten zesummegesat an e Concours lancéiert. All Kachbegeeschterte gëtt dozou opgefouert dësen doheem nozekachen. Fir matzemaachen, schéckt Är beschte Foto un web@vdl.lu. De Gewënner gëtt mat engem Lëtzebuerger Kachbuch belount a kann nach méi lokal Rezepter fir sech entdecken.

Weider Informatiounen, d’Rezepter sou wéi de Programm vun “Stad lieft” fannt Dir hei:

summer.vdl.lu a summerinthecity.lu.

Illustratioun: © iMattSmart / unsplash

Related topics Animatioun, Kiermes, Kultur, LCTO, Stad Lëtzebuerg, Summer in the City
Next post Previous post