D’Taina Bofferding ënnerstëtzt Gemengen

D'Taina Bofferding ënnerstëtzt d'Gemenge Bus a Waldbriedemes aktiv an hire Fusiounsbestriewungen

Eppes méi wéi 2 Woche virum Referendum vum 3. Abrëll war en Donneschden den Owend zu Bus eng lescht grouss Informatiounsversammlung zur geplangter Fusioun vu Bus a Waldbriedemes.

An de Sport- a Kulturzenter vu Bus waren intresséiert Biergerinnen a Bierger aus den zwou Gemenge komm, fir de Buergermeeschtere Carlo Kütten (Bus) an Thomas Wolter (Waldbriedemes), dem Syvicol-President Emile Eicher an der Inneministesch Taina Bofferding lescht Froen am Kontext vun där Fusioun ze stellen, v.a. an Zesummenhank mat de Finanzen.

D’Inneministesch huet ë.a. op d’Virdeeler vu fusionéierte Gemenge verwisen: d’Taina Bofferding gesäit déi absënns am Zesummeleeë vun de Servicer fir d’Biergerinnen a Bierger, déi generell duerch eng Fusioun qualitativ méi héichwäerteg ginn. D’Biergerinnen a Bierger hunn a 17 Deeg dat lescht Wuert, wa se driwwer entscheeden, ob déi zwou Gemengen zesummen an d’Zukunft ginn oder net.

*Matgedeelt vum Inneministère

Dernières nouvelles