Search

You may also like

Lëtzebuerg huet vill Kënschtler ervirbruecht! Wéi gutt kenns du se?
Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerg huet vill Kënschtler ervirbruecht! Wéi gutt kenns du se?

[onionbuzz quiz-id=210][/onionbuzz] An dësem Quiz konzentréiere mer eis virun allem

Amnesty International: Zuel vun den Hiriichtungen ass réckleefeg
Neiegkeeten Sport

Amnesty International: Zuel vun den Hiriichtungen ass réckleefeg

Déi leschte Kéier wou esou „wéineg“ Mënschen higeriicht gi sinn,

money
De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn
Neiegkeeten Sport

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche

Du bass de Veräin. Gëff Benevole.

Du bass de Veräin. Gëff Benevole.

Sportlech Aktivitéit gehéiert, nieft der gesonder Ernierung zu engem wichtege Bestanddeel fir eng stabil Gesondheet sou wéi eng gutt Liewensqualitéit. Ënnerschiddlech Sportveräiner suergen dofir, datt d‘Beweegung an engem sozialen a sécheren Ëmfeld stattfënnt a Spaass mécht.

Dobäi baséieren déi meeschte Sportveräiner zu Lëtzebuerg zum groussen Deel op „net professionelle Strukturen“ an duerch déi éierevoll Aarbecht duerch zuelräich Benevollen. Ouni dëst virbildlecht Engagement kéinten déi meeschte sportlech Evenementer a sportlech Aktivitéiten guer net stattfannen.

Dëst Joer gëtt déi 10. Editioun vun der Campagne „Benevole am Sport – Mir brauchen dech“ lancéiert. Dës Aktioun ass net nëmmen am Regierungsprogramm festgehalen, en ass essentiell fir engem Manktem u Benevolle virzebeugen a sou sportlech Veräiner ze fërderen an ze beliewen.

Well tatsächlech méi Benevolle benéidegt ginn, huet de Sportminister Dan Kersch, e Mëttwoch de 6. Oktober 2021 déi neiste Campagne „Du bass de Veräin. Gëff Benevole.“ virgestallt. Et ass gewosst, datt Benevollen ënnert anerem d‘Funktionalitéit vum Sportsëmfeld assuréieren. Sou kënnen Athleten hiren Training ënnert de beschtméiglechste Bedéngungen ausféieren.

Du bass de Veräin. Gëff Benevole.
© Sportsministère

Dobäi verfollegt d‘Campagne dëst Joer een duebelt Zil – fir d‘alleréischt soll d‘Engagement vun de Benevolle gefërdert ginn. Dës weidere wär et gutt fir d‘Sportswelt, wann nei Benevollen engem Sportveräin oder Verband bäitrieden. De Message „Du bass de Veräin. Gëff Benevole“ weist drop hin, datt Athleten, Sportler sou wéi all aner fräiwëlleg Aarbechter Deel vun der selwechter Struktur sinn. Ouni deen een, wär dat anert net méiglech.

Well dëse Message net nëmmen der Wourecht entsprécht, mee och bedeitend ass, gëtt d‘Campagne laangfristeg ugeluecht. Nieft ënnerschiddleche Pousteren an de Veräiner, kënnt an de kommende Méint och nach eng speziell Campagne, déi fir d‘sozial Medie geduecht ass. An dësem Kader wäerte kuerz Videoen op de Facebook- an Instagramsäiten vum Sportsministère Abléck an d‘Sportswelt ginn.

Dës weidere gi vun Oktober 2021 bis Mäerz 2022 eng Rei vu Reportagen op der RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt. Dës droen den Numm „Am Asaz fir de Sport“ an hiewen esou d’Aarbecht vun de Benevollen ervir.

Opmaacherbild: De Sportsminister Dan Kersch © Sportsministère

Related topics Am Asaz fir de Sport, Benevolat, Benevole am Sport – Mir brauchen dech, Campagne, Dan Kersch, Du bass de Veräin, Fräiwëlleger, Sportsministère
Next post Previous post