Kanzlerin Merkel verbitt sech een tierkesche Referendum iwwert Doudesstrof op däitschem Buedem
Wéi d‘AFP de Mëtteg matgedeelt huet, refuséiert d‘Angela Merkel kategoresch
Wéi d‘AFP de Mëtteg matgedeelt huet, refuséiert d‘Angela Merkel kategoresch
De Jugendpräis ass e Projet, deen 2015 vum Service nationale
Leschte Weekend war an der Stad bei der Péitruss eng Gréisser lass – 16.000 Plastiks-Inte goufe bei der 18. Editioun vum Duck Race an d’Waasser gelooss (a sinn duerno och nees schéi brav agesammelt ginn). Den ursprénglechen Datum gouf jo opgrond vun der Staatstrauer vum 27. Abrëll op den 18. Mee verréckelt.
Fir 5 Euro konnt een eng Int un de Start schécken a soumat net nëmme flott Präisser gewannen, ma och nach eppes fir de gudden Zweck bäidroen. Organiséiert vun der Table Ronde Luxembourgeoise (TRL), geet den Erléis dëst Joer un d’Aide à l’enfance de l’Inde et du Népal, Rokku Mi Rokka souwéi un d’Stëftung “Kinderchirurgie Hawassachildone”.
D’Gewënner-Nummere sinn um Site vum Duck Race publicéiert.
An eiser Foto-Galerie e puer Andréck vun dësem Evenement fir déi ganz Famill!