Search

You may also like

Libyen: De Generol an den Ueleg
International Neiegkeeten

Libyen: De Generol an den Ueleg

Nom klenge Sommet vun de „Krichsparteien“ zu Moskau, bei deenen

Och en Diktator wëll vereedegt ginn
International Neiegkeeten

Och en Diktator wëll vereedegt ginn

Nodeems – et muss een och an enger Diktatur de

Gemeng Cliärref: Aktiv géint d’Liichtemissiounen
International Neiegkeeten

Gemeng Cliärref: Aktiv géint d’Liichtemissiounen

An, hutt Dir e Samschdeg pünktlech zur Earth Hour och

Duebele Selbstmordattentat zu Tunis

Duebele Selbstmordattentat zu Tunis

An der tunesescher Haaptstad ass et um Donneschdegmueren zu zwee Selbstmordattentater komm, déi zur Panik ënnert den Awunner gefouert huet. D‘Uschléi hunn un déi däischter Stonne vum Terror erënnert. Kierperdeeler vun engem Selbstmordattentäter déi an der Strooss leien, beschiedegt Gebaier a Gefierer, Tunis huet en trauregt Bild vu sech gewisen… Den IS revendiquéiert d‘Dot.

Laut den Informatioune vum Inneministère, hunn sech zu Tunis a kuerzem zäitlechem Ofstand 2 Attentäter an d’Luucht gesprengt. Heibäi wiere mindestens 1 Persoun gestuerwen an 8 Mënschen deels schwéier blesséiert ginn. Alles deit drop hin, datt d‘Uschléi geziilt géint d‘Sécherheetskräfte geriicht waren. De Stadzentrum ass dorops hin wäitraimeg evakuéiert an ofgespaart ginn.

Et ass esou séier gaangen…

En éischten Uschlag hat et en der Alstad, net wäit ewech vun der franséischer Ambassade, ginn. Hei hat den Attentäter direkt nieft engem Policeauto, an der Avenue Habib Bourguib säi Sprengsaz gezünt an de Beamten deen am Gefier gesiess huet, mat an den Dout gerappt. Op de Biller, déi verëffentlecht goufen, sinn den demoléierten Auto a Kierperdeeler vun Attentäter ze erkennen.

Kuerz drop ass et am Quartier al-Gorjani, bei engem Policebüro zu enger weiderer Explosioun komm. Am Gebai dat bewosst ausgewielt ginn ass, huet d‘Antiterroreenheet vun der tunesescher Police Büroen. Bei dësem Uschlag si véier Poliziste blesséiert ginn. Ob bei dësem Uschlag och den Attentäter ëm d‘Liewe komm ass, oder hien sech konnt duerch d‘Bascht maachen, ass net gewosst.

Wien derhannert stécht

Gëschter Owend huet den Islamesche Staat (IS) d‘Uschléi fir sech beusprocht. Via Internet hunn déi reliéis motivéiert Terroriste behaapt, datt béid Attentäter hir Kämpfer waren. Eng Ausso déi sech esou – zumindest offiziell – net bestätege léisst. Den IS brauch, nodeems de Projet „Kalifat“ am Kugelhagel vun der Allianz an de Kurden ënnergaangen ass, all denkbar „positiv“ Propaganda.

Schonn an der Nuecht op en Donneschdeg war et am Süde vun Tunesien zu engem Terroruschlag komm. Et ass en Ugrëff op eng vun der Arméi installéierter Funkstatioun gewiescht, heescht et aus dem Verdeedegungsministère. Déi hei stationéiert Zaldoten hätten sech allerdéngs zur Wier gesat. Beim Schosswiessel mat den Terroriste wier kee vun de Männer blesséiert ginn.

mat indymedia/tlv

Bild: Videoausschnëtt

Related topics IS, islamesche Staat, Selbstmordattentat, Tunesien, Tunis
Next post Previous post