Search

You may also like

Nom Stuerm iwwer Pantelleria
Fail Neiegkeeten

Nom Stuerm iwwer Pantelleria

Entspriechend dem Bericht vun der Zivilschutzverwaltung war et um Freidegowend

Nei bei Editions Guy Binsfeld: „LAPSUUS“
Fail Neiegkeeten

Nei bei Editions Guy Binsfeld: „LAPSUUS“

De Joseph Kayser presentéiert um 25. September gläich zwou Premièren:

Keng Oppositioun an der Chamber!
Fail Neiegkeeten

Keng Oppositioun an der Chamber!

An der Affär – déi eigentlech keng ass well et

dislike

Den Duerchbléck am Label-Dschungel

Den Duerchbléck am Label-Dschungel

Promotioun vun de Landwirtschaftsproduiten ass dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen ee wichtegt Uleies. Well hien och nach de Minister vum Konsumenteschutz ass, verbënnt hie béides an huet eng ganz Rëtsch Mesurë virgestallt, déi sech op d‘Zouloossung vun de Lëtzebuerger Label bezitt.

Heibäi geet et natierlech och drëms, d‘Promotioun vun de Produiten ze stäerken, de Landwirtschaftssecteur ze konsolidéieren an d‘Transparenz ze sécheren. De Fernand Etgen reagéiert esou op d‘Feststellung, datt de Konsument ëmmer méi déi regional Produite privilegiéiert. Deen ass nämlech erwisenermoossen – et muss ee sech just d‘Petitioun 668 ukucken – ëmmer méi op der Sich no Wuer déi aus nohalteger Produktioun staamt.

De Pak u virgestallte Mesurë vum Landwirtschaftsminister, riicht sech un dräi Zilgruppen: De Konsument, d‘kollektiv Kichen an de landwirtschaftleche Betrib. Fir de Konsument soll et méi einfach ginn ënnert de verschiddene Labelen ze ënnerscheeden. Dofir ass eng nei Prozedur virgesinn déi méi objektiv un d‘Zouloossung erugeet. Technesch kloer an novollzéibar Kritäre sollen eng global Kohärenz sécherstellen.

Gutt muss „Besser“ sinn

Mat engem offizielle Logo, dee noweist, datt d‘Produkt vum Lëtzebuerger Staat agreéiert ass, sollt en dem Konsument méi liicht maachen. Domadder soll erkannt ginn, datt et sech ëm ee Qualitéitsproduit handelt. De Logo setzt dann och den Akzent op een oder méi Kritären. Dorënner „Qualitéit a Goût“, „Regional a Gerecht“ oder „Ëmwelt an Déiereschutz“.

Fir déi kollektiv Kichen, ass esou ee Label Grondlag fir d‘Valorisatioun vun de regionale Produiten. Mat dem neie Gesetz iwwert déi ëffentlech Ausschreiwungen, ka verlaangt ginn, datt déi landwirtschaftlech Produite gewësse Standarde mussen entspriechen. Mat den neie Label, sollte Lëtzebuerger Wueren ee gesécherte Virsprong op hir Konkurrenzproduite kréien.

De Bauer profitéiert dann och dovunner. Senger Aarbecht a sengem Effort gi Rechnung gedroe. Hien huet och de Virdeel, datt et eng finanziell Hëllef gëtt, déi fir den Opwand entschiedegt, déi de Landwirt beispillsweis muss erbrénge bei der Kontroll. Gläichfalls gëtt hien ënnerstëtzt bei der Realiséierung vu senger Informatiounscampagne, déi säi Produit beim Konsument bekannt soll maachen.

Et gutt maachen an d‘Leit et wësse loossen

Säitens dem Landwirtschaftsministère ass et wichteg drop hinzeweisen, datt sech dat ganzt op eng fräiwëlleg Mataarbecht vun de bestoende Label bezitt. Déi verschidde Groupementer vu Produzente kënnen hire Cahier des Charges eegestänneg upassen. Et ass dat en evolutive System an d‘Zil ass eenzeg d‘Produktioun vu Qualitéit.

Déi ganz Schrëtt sollen nei Produktiounsméiglechkeeten erlaben. Un de Landwirt dës ze ergräifen an um Konsument bereet ze sinn e faire Präis fir d‘Produiten ze bezuelen. Als Bonus souzesoen, soll och nach eng Austausch- a Verstännegungsplattform ageriicht ginn. Déi soll d‘Zesummenaarbecht tëscht den ëffentlechen a privaten Acteuren an der Beräicher: Landwirtschaft, Liewensmëttelhandel a kollektiv Kichen, gestalten.

De Minister insistéiert och op d‘Tatsaach, datt dat ganzt eng kohärent Demarche duerstellt, déi fir all Mënsch ee Gewënn ass. Déi offiziell Approbatioun suergt fir Transparenz an ënnerstëtzt d‘Vertraue vum Konsument. Et erlaabt deem och sech besser am Dschungel vun de Labelen erëmzefannen. Zudeem kann ee dovunner ausgoen, datt d‘Qualitéitsproduiten sech esou aus der Masse ervirhiewen an och kommerziell ee gréisseren Erfolleg missten hunn.

Quell: Service information et presse

Foto: © MAVPC

Related topics Lëtzebuerg
Next post Previous post