Search

You may also like

Looss dech Impfen! (a stell net esouvill Froen)
Neiegkeeten Stories

Looss dech Impfen! (a stell net esouvill Froen)

Wärend a villen europäesche Länner ganz ënnerschiddlech, jo reegelrecht widderspréchlech

„The best version of me“ – Mat Musek a Schauspill zu sech selwer fannen
Neiegkeeten Stories

„The best version of me“ – Mat Musek a Schauspill zu sech selwer fannen

Vum 26. bis den 30. Juli huet de gemeinsame Projet

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt
Neiegkeeten Stories

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt

Bal 40 Joer laang war et am Iran de Fraen

Duerchsetzungsfäeg Sensibilitéit

Si gehéieren net zu de „Fraktiounen“ an awer kënnen sech d‘Piraten, besser politesch an der Chamber duerchsetzen, wéi de Recht vun der Oppositioun

Duerchsetzungsfäeg Sensibilitéit

Laut den Orakel an hiren Interpretatioune vu „representativen“ Sondage stinn d‘Pirate beim Vollek gutt am Kurs. Ob sech dat mat de Sondagen esou opgeet ass a bleift irrelevant, politesch Acteure muss een dierfen un hire Leeschtungen an dem Engagement moossen. An esou laang wéi déi zwee Deputéiert hir Aarbecht esou maachen, hu si hir Plaz an der Chamber verdéngt.

An einfach ass d‘Aarbecht an der Chamber elo jo och net. De Fair-play gëtt beschtefalls bei der Kaffismaschinn, ofhängeg vun deem wou grad hannert der steet. Net ze vergiessen, datt d‘Covid19-Pandemie, déi begleedent Wirtschaftskris, de politesche Logementsdesaster an de Klimawandel just déi grouss Sujete sinn, an all déi „Kleng“ Dossieren och en Impakt op d‘Liewe vun de Bierger huet.

Dat erlaabt aleedend festzestellen, datt weder déi zwee Deputéiert, nach hir administrativ Ekipp am Hannergrond Zäit haten sech ze langweilen. An ausser der Chamber, hat et jo ee puer lëschteg a ganz interessant Momenter. Wat sech bis ewell aus ideelle wéi ideologesche Grënn, aner politesch Acteuren nach net getraut hunn, erlaabt sech den Duo Clement/Goergen, esouguer mat Erfolleg.

Piraten© Martine de Lagardère / moien.lu

Dank der „Lex Clement“ huet d‘Justiz tranchéiert, datt en Deputéierten, also eng Persoun déi vun engem „representativen Deel vum Vollek“ mandatéiert gouf fir „Interessen“ ze vertrieden, muss Asiicht an déi vun der Regierung ënnerschriwwe Verträg kréien. Eng Regierung déi sech mat Hänn a Féiss gewiert huet, well de Maart, wann e bis bekannt ass, faktesch guer näischt méi reegelt.

An nach huet d‘Regierung den Domm op den Dossieren, d‘Ëmsetzung vum Urteel schéngt hinnen net geleeën ze kommen. Dat erwächt Zweiwel bei de Leit an fërdert net d‘Vertrauen. Net an d‘Politik a leider och net an d‘Chamber. Wann da gewosst ass, datt et d‘Regierung ass déi der Chamber d‘Agenda virgëtt a seele kloer ass wat wäert op der Dagesuerdnung stoen, gëtt et krass.

Eppes Respekt wier erfreelech

Domadder ass d‘CSV mat hirem kriteschem Ëmgang mat der Regierung net méi eleng. Wien da méi reegelméisseg ChamberTV kuckt wäert scho selwer ëfters gefrot hunn, op d‘Regierung déi ganz Chamber, oder just hir Koalitiounsmajoritéit mat néidege Respekt behandelt. Fir de Sven Clement as et erschreckend ze gesinn, fir wéi iwwerflësseg de Premier a seng Ekipp d‘Chamber halen.

An dat léist sech dann och um rezenten Dissens tëscht dem Deputéierten an der Familljeministesch beschtens demonstréieren. Dat am Kontext zur Etüd Waringo zum Covid19-Genozid an den Alters- a Fleegeheemer. Hei huet d‘Ministesch an der Chamber net op d‘Froe vun den Deputéierte geäntwert, awer m Radio-Interview behaapt et hätt därer keng ginn a scho war d‘Bëtschel fett.

Piraten© Martine de Lagardère / moien.lu

Dat huet derzou gefouert, datt déi ministeriell Ligen sech an de sozialen Netzwierker verbreet huet, woubäi dann och politesch a journalistesch Intervenanten hir Meenung geäussert hunn, firwat dann d‘Corinne Cahen (DP) dës op Twitter geblockt huet. Et wier besser gewiescht se just ze „muten“ statt se ze blocken, mee do wäert den emotionelle Stress der Ministesch e Streech gespillt hunn.

Eng aner Saach betrëfft déi vun de Piraten agefuerdert Transparenz, hei méi besonnesch de Regëster an deem kann nogekuckt ginn, wéi ee politeschen Acteur sech wéini mam wiem zu wei engem Gesetzprojet ausgetosch huet. Et geet zimmlech däitlech drëms, de Lobbyisten e Numm an ee Gesiicht ze ginn. En entspriechende Gesetzprojet läit vir an hätt längst kënne gestëmmt ginn.

Et ass ee Gesetz wat wuel och vun de Sozialisten an den déi gréng matgestëmmt gi wier, wat nach méi Froen opwerft. DP an CSV hunn d‘Ofstëmmung jiddefalls verhënnert, wat Raum fir eppes Spekulatiounen opmécht. Hunn se eppes ze verstoppen? Bezunn op déi geheim Staatsverträg ka wuel eppes dru sinn, mee d‘CSV? Déi huet Regierungserfarung an eppes eegen Interessen.

Wat soss nach war a wouhin et geet

Datt d‘Piraten zolidd a gutt Aarbecht geleescht hunn, léisst sech net nëmmen un de Motiounen a Resolutiounen noweisen. Si hunn och Gesetzer abruecht, emol eleng, emol als Coauteur, an därer esouguer duerchgesat kritt. Déi eng politesch Sensibilitéit alles anescht wéi evident. Si stellen och vill Froen, an dat esouguer direkt fir de Bierger, dee seng Fro iwwer fro.lu kann areechen.

De Marc Goergen an de Sven Clement gesinn och an, datt hinnen an dëser Legislaturperiod Feeler ënnerlaf sinn. Et wäerten der wuel och nach derbäi kommen, well – an dat ass interessant – déi zwee Piraten halen sech nach ëmmer fir ganz normal Mënschen, därer mat Naupen an eckege Kanten, firwat et bei hinnen zuweilen emol „ruckelt“. Normal ass fir si och, datt een derzou steet.

Piraten© Martine de Lagardère / moien.lu

Elo awer ass emol Paus. Net datt näischt géif gemaach ginn, mee eppes Vakanz huet ee sech och als Deputéierte verdéngt. Am Hibléck op déi politesch Rentrée am September, fuerderen d‘Piraten elo vun der Regierung endlech an d‘Gäng ze kommen, a sech eeschthaft mat Logement ze befaassen. Faarweg Wierder maache kengem en Daach iwwert dem Kapp, mee genee dat ass et wat leeft.

Wann de Marc Goergen dann nach bemierkt, datt si zu hirer zwee d‘Welt wuel net verännere géifen, esou stëmmt dat net ganz. Si hu scho villes duerchkritt, iwwerzeegen och no baussen an esouguer wann et do Saachen huet déi engem net „knusper“ sinn, si kënnen dat propper a faktebezunn argumentéieren. Dat nervt, a well et nervt, bewierkt et Ännerungen. Beispill: d‘Lex Clement.

Nieft dem Logement bleiwen d‘Piraten un der Klimakris drun, setzen sech weiderhi fir manner Oprëschtung a géint konfliktuell Militärasätz vun eiser Arméi an. Déiereschutz wäert weiderhin d‘Gemidder erhëtzen, de Verbuet vun der Klappjuegd bleift en Uleies. Si bestinn op Opklärung betreffend de beoptraagte Profiling duerch privat Sécherheetsdéngschter an der Stad Lëtzebuerg.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Bilan, Chamber, Legislaturperiod, Marc Goergen, Piraten, Piratepartei, Politik, Sven Clement
Next post Previous post